"Mir wëllen dat am Aen halen, mä bis elo ass fir eis nach keen Handlungsbedarf"
Dat seet de Frank Wolff, Directeur adjoint vun der Naturverwaltung, zu der Besetzung am Bobësch zu Käerjeng.
Eng Ekipp vun der Verwaltung war e Mëttwoch de Moien op der Plaz, en Donneschdeg hat den Ëmweltministère matgedeelt, datt ee keng Verstéiss géint d'Naturschutzgesetz festgestallt hätt. D'Naturverwaltung hätt am Fong vill Sympathie fir dat, wat d'Aktiviste verdeedegen, sou de Frank Wolff.
"Si setze sech a fir de Schutz vun eise Bëscher, wat jo eigentlech och eng Kärmissioun vun eiser Verwaltung ass. Elo ass et natierlech esou, datt déi Aktioun, déi do ass, déi ass an engem Naturschutzgebitt, datt et dann awer och eis Missioun ass, wa mer sou Saache gewuer ginn oder sou Saache feststellen, datt mer do eng Kéier kucke ginn an eis just vergewësseren, datt dat wat do geschitt kee Schued kann uriichten un deene Gebidder, un der Natur, déi eben do sur place ass an dofir hu mer och Leit do laanscht geschéckt."
Besonnesch wichteg wier, datt kee Feier dierft gemaach ginn.