Aktivisten: "Wann een en Deel fort hëlt, mécht een de ganze Bësch dout"
Ënnert dem Numm "BobiBleift" streikt zanter enger Woch eng Grupp vun Ëmweltaktivisten zu Käerjeng am Bobësch. Si wëllen d'Ofholzung vun dësem verhënneren.
Et ass déi éischt Bëschbesetzung zu Lëtzebuerg. Méiglechkeete fir Iesse kal ze halen oder eppes ze kachen, hunn d'Aktivisten net, ma si gi versuergt vu Sympathisanten a Leit aus dem Duerf. Zanter kuerzem kënne si sech Drénkwaasser vun engem Krunn vun der Gemeng beim Waassertuerm, net wäit vun hirem Camp siche goen. Fir net sou séier vun den Autoritéite kënne verdriwwen ze ginn, hunn d'Aktivisten, déi anonym bleiwe wëllen, Plattformen an de Beem installéiert.
"Mir hu vun anere Bëschbesetzunge geléiert. Dat heescht am Ausland, gréisstendeels vun däitsche Bëschbesetzungen. Dat heescht mir waren déi besichen. Sinn dohinner gereest an hunn dann e puer Deeg oder och Woche mat hinne gelieft a vun hinne klamme geléiert a vun hinne geléiert wéi een déi Saachen hei festhält, fir dass se richteg halen. A wéi een och einfach an de Beem eppes baut a wéi een dat Ganzt sou organiséiert."
Wann en Deel vum Bobësch fir d'Strooss fort gemaach gëtt, muss dat op anere Plaze kompenséiert ginn. Dat géing awer net duergoen.
"Wann een och nëmmen d'Hallschent vun deem Bësch hei fort hëlt, da kéint een en am Fong och scho ganz fort maachen, well dann ass en näischt méi wäert ekologesch. An et ass awer, zumindest den Deel vum Zämerbësch, dat ass eng Natura-2000-Zon. Do liewe geschützten Déieren dran. Et sinn och vill Planzen hei, déi immens wäertvoll sinn. An et kann een net einfach een Deel vun deem Bësch hei fort huelen. Wann een en Deel fort hëlt, mécht een de ganze Bësch dout."
De Buergermeeschter vu Käerjeng rëselt iwwer d'Aktioun de Kapp. Fir de Michel Wolter ass de Bau vum Contournement net nëmme fir seng Gemeng, mee och fir de ganze Süde wichteg. D'Gemeng géing den Ament hir juristesch Méiglechkeete préiwen.
"Wat net ka sinn, dat ass dass d'Leit ufänke Proprietéite vun anere Leit einfach ze besetzen. Muer besetze se mäi Schoulhaff, iwwermuer sëtze se sech bei Iech an de Gaart, well hinnen iergendeppes net gefält an der Gesellschaft. Ech mengen, eng Gesellschaft kann net esou funktionéieren. Eng Gesellschaft muss ëmmer no de Rechtsnorme funktionéieren."
D'Aarbechten um Käerjenger Contournement sollen 2023 ugoen, esou de Michel Wolter. D'Aktiviste wëllen elo mol mat enger Besetzung vun e puer Wochen en Zeeche setzen, verspriechen awer zréckzekommen.
D'CSV freet an deem Kader d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring, wéi si zu der Interpretatioun vum Naturschutz steet, an ob d'Aktivisten eng Autorisatioun beim Ministère gefrot hätten. Falls et keng Autorisatioun ginn hätt, freet d'CSV sech, firwat d'Situatioun am Bobësch vu Säite Ministère just "am A" behale gëtt.