133 Patiente goufen 2021 an d'Struktur fir stierweskrank Mënschen opgeholl
Si goufen am Duerchschnëtt 32 Deeg an der Struktur fir stierweskrank Mënsche gefleegt a begleet. Dat geet aus dem Joresrapport vun Omega 90 ervir.
E Joer, dat nach eng Kéier vu Corona markéiert gouf an an deem d'Demande no de Servicer vun der ASBL stabel bliwwen ass.
Deene Responsabele fält op, datt d'Leit manner laang am Haus Omega 90 sinn. Eng Tendenz, déi fir den administrativen Direkter Fabian Weiser zwee Grënn huet.
Fabian Weiser: "Éischtens well se net wossten, dass mer keng Restriktiounen applizéiert hunn um Niveau vun de Visitten a well d'Leit doheem ganz gutt vun den Hëllefs- a Fleegereseaue betreit ginn."
1.100 Mënsche goufen donieft d'lescht Joer psychologesch vun de Servicer vun Omega 90 begleet. Zu 70 Prozent waren dat Erwuessener, zu 30 Prozent Kanner a Jonker. Och déi Jéngst an der Gesellschaft hu sech duerch d'Pandemie méi misste mam Thema Doud an Trauer auserneesetzen. Dobäi gehollef huet de Projet "Omega mécht Schoul". Dee gëtt et schonn 10 Joer an huet sech bis elo u Kanner aus dem Cycle 3 adresséiert. D'lescht Joer gouf et awer och Coursë fir d'Kanner aus dem Cycle 4, explizéiert d'Presidentin vun Omega 90.
Diane Duhr: "Eis Mataarbechterin huet mat de Kanner Strategien erschafft, wéi si mat hirer Trauer konstruktiv kënnen ëmgoen an hinnen esou erméiglecht Resilienz opzebauen. Si hu geléiert, wat hinne gutt deet, wa si traureg sinn a wat si maache kënnen, fir dës Phas gutt z'iwwerwannen. Si hunn an Übunge geléiert, wéi si hir eege Ressourcë kënnen aktivéieren."
Dës Coursë goufen vun enger benevoller Mataarbechterin vun Omega 90 gehalen, déi iwwer 30 Joer als diploméiert Enseignante geschafft huet. Si ass ee vun 77 Fräiwëllegen, déi sech d'lescht Joer bei der ASBL engagéiert hunn.
Omega 90 huet ganz rezent e Bréif un déi politesch Parteie gemaach, an deem d'Organisatioun 3 konkret Fuerderungen huet.
An d'groussherzoglecht Reglement vun 2009 iwwert d'Palliativfleeg soll de PICT stoe kommen, dat ass en Instrument, fir de palliative Status vum Patient ze bestëmmen. Et soll eng obligatoresch Weiderbildung iwwer d'Palliativfleeg fir d'Dokteren an d'Fleegepersonal ginn an Omega 90 fuerdert eng Campagne, fir de Leit d'Virdeeler vun enger Vertrauenspersoun z'erklären.
D'Directrice Nicole Weis: "Zënter den zwee Gesetzer vun 2009, Soins palliatifs an Euthanasie an dem Gesetz vun 2014 iwwert d'Rechter an d'Flichten vum Patient huet dës Personne de confiance e ganz héije Stellewäert kritt. Leider wësse vill Leit net, datt et se gëtt."
An den Ae vun Omega 90 misst een och seng Dokumenter iwwer déi eege Wënsch a Virstellungen fir d'Enn vum Liewen, zum Beispill d'Patienteverfügung éierens kënnen hannerleeën. Fir d'ASBL wier den Dossier de soins partagés déi ideal Plaz. Bis deen aktiv ass, gëtt proposéiert, datt een dat op MyGuichet ka maachen.
D'Ausgabe vun Omega 90 louchen d'lescht Joer bei knapp 6,8 Milliounen Euro. 11 Prozent dovunner waren Donen. D'Sue vun CNS a Familljeministère géifen nämlech net duergoen.