Wien an de leschte Wochen zu Esch an der Strooss tëscht dem Raemericher Rond-point an dem Lycée Guillaume Kroll ënnerwee war, huet se warscheinlech kaum iwwersinn. Déi sëllegen Autoe mat de giele Krallen un de Rieder. Et handelt sech heibäi ëm Gefierer, déi vun der Police saiséiert an ofgeschleeft goufen. Zënter bal zwee Joer gëtt et am Süden e Manktem un Ofstellplazen, nodeems d’Gebléishal um Belval 2020 aus Sécherheetsgrënn zougemaach gouf. Zënterhier dauchen déi ofgeschleeften Autoen ëmmer nees am ëffentleche Raum an der Minettemetropole op. Den zoustännege Ministère, esou bedaueren d’Gemengen, versprécht ëmmer nees, ma bréngt keng Resultater.
Vandalismus an Déifstall un der Dagesuerdnung
20 Gefierer stinn an der Henri-Koch-Strooss. Déi eng belageren d’Trottoire fir e puer Deeg – déi aner gären emol fir e puer Méint. Ouni Virwarnung un d’Gemeng sti se op eemol do - lénks a riets – dem Vandalismus ausgesat – a gi gären emol als ëffentlechen Organspender consideréiert. “Et wäert och nees net laang daueren, bis datt déi richteg Leit wëssen, datt hei Autoen ofgestallt ginn an déi wäerte sech dann zerwéiere kommen oder maache Saache futti”, esou den Escher Buergermeeschter George Mischo. “Dat ass fir eng Stad och kee schéint Bild, wann dann Autoen do sti mat engem Platten, ageschloene Fënsteren oder engem ofgerappte Spigel.”
E Bild ewéi beim Schrotthändler. Zanter 2 Joer wandert déi “wëll Fourrière” duerch de Süden - vu Gemeng zu Gemeng. Ma et wier net un de Gemengen, dem Staat Parkplazen ze organiséieren, esou de George Mischo: “D’lescht Joer ware mer op der nämmlechter Plaz an engem Interview bei eisem Gemengenatelier. Hei stoungen deemools eng 40 bis 45 Autoen, déi muttwëlleg futtigemaach goufen, d’Leit hu sech deemools beklot an alt nees ware Parkplaze verschwonnen.”
Solutioun vun 2021 iwwer de Koup geheit
An der Henri-Koch-Strooss ass d’Parkingssituatioun - bis d’Rentrée op d’mannst - eng roueg – hei sinn 2 Schoule just ëm den Eck. Ma bis, datt déi nei Fourrière Enn 2023/Ugangs 2024 beim Rond-point Raemerich opgeet, bréicht et eng fix Alternativ. D’Responsabilitéit géif beim Staat leien, esou d’Escher Gemeng. Effektiv stoung d’lescht Joer kuerz eng Solutioun am Raum: den Eurohub zu Beetebuerg. No vill hin an hier hat hei awer de Wirtschaftsminister dëser Iddi de Stecker gezunn.
De Ministère fir bannenzeg Sécherheet bleift – op Nofro hin – vag a wollt – de sëllege Froen, déi mer eis stellen – net äntweren. Per E-Mail koum d’Reaktioun: “An deem Dossier sinn elo nei Elementer bäikomm, déi mir nach mat den zoustännege Leit analyséiere missten. Leider sinn déi Leit momentan net disponibel.”
D’Autoe ginn déi Zäit iwwer sech selwer iwwerlooss. Enger Rei Acteuren no wierkt et, ewéi wann ee probéiere géif, Zäit ze gewannen. Zäit mat Excusen.