An der Stad dierfte keng Hecken a Beem laanscht d'Kinnekswiss ewech gemaach ginn, fir dass eng nei Tramslinn duerch d'Porte-Neuve ka gebaut ginn.

Dat fuerdert d'Associatioun Natur&Ëmwelt en Dënschdeg an engem Bréif un déi Responsabel vun der Stad Lëtzebuerg an un de Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch.

Natur virun Auto an der Stad / Reportage Maxime Gillen

Nodeems Enn Juli an der Press thematiséiert gouf, dass eng weider Tramslinn duerch d'Avenue de la Porte-Neuve geplangt ass, huet d'Associatioun Natur&Ëmwelt en Appell un déi Responsabel bei Stad a Ministère lancéiert, dofir keng Hecken a Beem ewech ze maachen. Dat géif esouwuel dem Stad-Klima wéi och der Biodiversitéit enorm schueden.

An den éischte Pläng fir eng nei Tramslinn vun der rouder Bréck iwwert de Glacis, duerch d'Avenue de la Porte-Neuve erof bis op de Boulevard Royal, wier eng Optioun, fir d'Neipuertsgaass fir den Tram z'amenagéieren, effektiv, dass en Deel vun den Hecken a Beem laanscht d'Kinnekswiss géifen ewech gemaach ginn. Op deenen aktuell véier Spuere wier nämlech soss net genuch Plaz fir den Tram, de Bus, de Vëlo, de Foussgänger an natierlech den Auto. Andeems een dann awer e Stéck Natur ewech hëlt, géif ee sech d'Saach ze einfach maachen, esou Selma Weber vun Natur&Ëmwelt.

"Et misst een a Fro stellen, ob wierklech all Verkéiersmëttel duerch d'Avenue de la Porte-Neuve solle fueren oder ob een net sollt iwwerleeën, wat wierklech zukunftstauglech ass, fir sech duerch eng Stad ze beweegen, déi mat de Konsequenze vum Klimawandel wäert konfrontéiert sinn."

Och ofgesinn dovun, dass ee sech bei Natur&Ëmwelt eng Prioritéit fir d'Natur vis-à-vis vum Auto wënscht, betount d'Associatioun allgemeng, wéi wichteg Hecken, Beem a Wisen an enger Stad sinn.

"Hecken a Beem an enger Stad géife sech net nëmme positiv op d'Klima auswierken, well et doduerch vill manner waarm gëtt, ma dës Planze géifen och enger ganzer Rei Déieren e wichtege Liewensraum bidden"

Komplett géint den Auto an der Stad ass ee bei Natur&Ëmwelt iwwerdeems net. Wann ee vun enger Auto-fräier Stad géif schwätzen, géif een net dovu schwätzen, dass iwwerhaapt keng Autoe méi dierften do fueren, ma dass dës vill méi geziilt géifen doduerch geleet an net prioritär zu allen aneren Transportméiglechkeete géife behandelt ginn.