Gutt gefëllten Hoteller – voll Wanderweeër ronderëm Bësch a Séi – d'Tourismus-Geschäft ass dëse Summer gutt gelaf.
Fir vill Touristesch Regioune war de waarme Summer mat stabille Wiederkonditiounen ideal fir d'Geschäft. D'Branche ass zefridde mat de leschten 2 Méint. Lëtzebuerg wënnt u Popularitéit – dat net nëmmen an der Stad – mee och um Land. Vill Leit huelen dat no, wat wärend Corona net méiglech war. Mee och eng Rei Lëtzebuerger bleiwe vum Vakanz-Doheem-Trend ugestach – bei den Tourismusverbänn hofft een, datt dat esou bléift.
Déi waarm Temperaturen hunn d'Plagen dëse Summer um Stauséi gutt gefëllt – och mat auslänneschen Touristen, esou den Tom Schmit – Ranger am Naturpark Uewersauer:
"Zanter dem leschte Mount ass den Tourismus awer och e gutt Séckche méi douce ginn. Et sinn aner Leit op de Plagë vertrueden. Et ass méi dee klasseschen Tourismus. Manner déi Leit, déi mol 1-2 Stonne fueren, fir op de Stau ze kommen – et si vill Hollänner, Däitscher a Fransousen hei."
D'Solarboot um Stauséi ass dëst Joer schonn 221 mol rausgefuer mat knapp 3.500 Passagéier – Rekordverdächteg. De Groussdeel vun de Passagéier kommen aus Holland an der Belsch.
"Bei hinnen ass nach Vakanz. Mee et ass ganz international: Mir hu quasi keng Faart, wou net engleschsproocheg Passagéier dobäi sinn", erkläert d'Marianne THILMANY, Guide am Naturpark Uewersauer. "Lëtzebuerger sinn natierlech och staark present. Eis Faart e Samschde Moie bestoung aus enger Majoritéit u Lëtzebuerger."
De Succès bestätegt och de Statec – bei den Iwwernuechtungen am Tourismus war ee bis Mëtt vum Joer net méi wäit vum Rekordjoer 2019 ewech. No der Stad sinn den Éislek an duerno de Mëllerdall am beléiftsten.
Och nei Visiteur-Rekorder am Mëllerdall
Um Mëllerdall-Trail sinn iwwerdeems déi éischt Hallschent vum Joer schonn 30% méi Leit gezielt ginn ewéi ëm déi nämmlecht Period d'lescht Joer. Et goufen och 15 mol méi guidéiert Visitte gebucht. Och dëst Joer dierft de Rekord u Visiteuren nees gebrach ginn. Am Mëllerdall ännert de Profil vum Tourist. Et sinn ëmmer méi jonk Touristen, déi op Lëtzebuerg d'Wanderweeër besiche kommen. De Christophe Origer, President vum Tourismusverband Regioun Mëllerdall:
"Mir hu ganz vill virun allem jonk Touristen, déi kommen. Touristen, déi ganz Natur-verbonne sinn an och dowéinst an de Mëllerdall kommen. Wat de Mëllerdall unzéiend mécht, sinn d'Wanderweeër. Fir d'Naturfrënn ass dës Regioun natierlech e Paradäis."
D'Reeszil Lëtzebuerg beweegt sech, lues awer sécher, ewech vun der "Vakanz fir een Dag"-Motivatioun.
"Mir hunn de Wandertourismus, dee ganz wichteg ass. Mir hunn de Kultur-Tourismus, dee grouss ass. Mee och generell de Sport spillt ëmmer méi eng grouss Roll: zum Beispill de Vëlo oder de Waassersport, wou mer vill Kanuen hunn", esou de Chrsitophe Origer. "D'Leit hunn ëmmer méi ze entdecken an et mierkt een, datt d'Leit méi an dës Regioun kommen an och méi laang bleiwen."
Zwar si generell e besser manner Lëtzebuerger-Touristen dëst Joer am Grand-Duché ënnerwee ewéi nach dat lescht Joer. Ma den Trend vun der Vakanz doheem kéint sech iwwert déi nächst Joren zu engem wichtege Pilier entwéckelen.