Nieft der Nationaler ass fir de 26. September jo och eng speziell Aviatiounstripartite virgesinn, dat op Demande vun de Gewerkschaften. LCGB, OGBL an NGL hu gefuerdert, dass d’Regierung sech mat hinnen an der Luxair-Direktioun un een Dësch setzt, well d’Aarbechtskonditioune vum Personal momentan onméiglech wieren. Wéinst Personalmanktem op Grond vun der Covid-Pandemie wieren déi Leit, déi lo nach do schaffen, iwwerfuerdert. Enn September gëtt sech also concertéiert an um Donneschdeg huet sech déi zoustänneg Chamberkommissioun mam Dossier befaasst.
Marc Spautz (CSV): “Fir eis war et e ganz wichtege Moien, fir eng Kéier mam Minister de Point ze maachen. Et ass net un eis, fir wëllen Tarifpolitik ze maachen op der Luxair. Et war fir eis wichteg ze wëssen, wéi et mat den Aarbechtsbedingungen um Fluchhafen ass, wéi ass et mat der Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen déi do sinn, wéi ass déi finanziell Situatioun vun der Luxair.”
Et misst ee fir d’éischt awer d’Differenz maachen tëscht deem wat an der Loft geschitt an deem wat um Buedem ass.
Marc Goergen (Piraten): “Den Handling erlieft momentan e Boom duerch d’Low Cost Airlines wéi Ryanair, Easyjet, wou immens vill Passagéier fir bëlleg Tariffer, souguer ënnert den Tariffer vun den Taxe fléien. Zu Lëtzebuerg ass et awer esou, dass déi da vun der Luxair mussen ofgefäerdegt ginn. Deementspriechend ass do den Drock an d‘Arbechtslaascht elo wärend dëse Méint immens héich gewiescht.”
Fir vill Diskussiounen huet awer och en anere Problem gesuergt. Obwuel d’Luxair Chômage partiell kritt, géif op extern Firmen zeréckgegraff ginn.
Carlo Weber (LSAP): “Wat mech iwwerrascht huet an zum Deel och enttäuscht huet, dat geet jo géint all d’Grondprinzippien, do gouf jo anscheinend d’Leit an de Chômage partiell geschéckt bei der Luxair an da gi se duerno ersat iwwert aner Firmaen, déi bësse méi bëlleg schaffen. Dat geet natierlech géint all Grondrecht. Dat kann et net sinn dobaussen, dat ass wierklech de Geck gemaach mat de Steiergelder.”
Marc Goergen: “Wat d’Cabincrewen ubelaangt, sou hu mir haut nach eng Kéier driwwer geschwat, datt et zu engem Outsorcing komm ass. Ech hat schonn am Mäerz eng Question parlamentaire zu deem Thema gemaach. German Airways, eng Gesellschaft déi 50 Prozent manner bezillt wéi eng Luxair haut, elo mat Fligere fir d’Luxair flitt. Dat ass de Kollektivvertrag an d’Gewerkschaften ëmgaangen. Mir Piraten sinn mat där Praktik net averstanen. Mir fuerderen, datt d’Luxair selwer Leit astellt an net Personal iwwert däitsch Konditioune hëlt fir mat hire Fligeren ze fléien.”
Jeff Engelen (ADR): “Si hunn elo eng Partie, dat ass de Moien och an der Kommissioun eraus komm, eng Partie Flich ausgelagert un eng extern Gesellschaft. Déi flitt da méi bëlleg, dat Personal ass méi bëlleg wéi eis Lëtzebuerger. Dat war am Fong déi Illegalitéit, déi mir de Moie festgestallt hunn.”
Dat wier awer esou net confirméiert.
Max Hahn (DP): “Dat si just Rumeuren. Och de Minister huet gesot, fir hie wieren dat just Rumeuren, dass béides do zäitgläich géing passéieren. Sécherlech ass dat eppes wat een an der Politik net kann acceptéieren. Dat ass och eppes, wou de Minister eis de Moien zougesot huet, datt si do intensiv duerno kucken, a wann dat dann esou wier, dass dat direkt ënnerbonne gëtt.”
Nei Leit astellen an déi, déi do sinn, entlaaschten. Dat misst elo d’Zil sinn.... dat wier awer net esou einfach.
Et goung och ëm d’Zukunft vun der Luxair an enger Branche, déi sech staark verännert. De Max Hahn vun der DP gesäit hei virun allem eng grouss Erausfuerderung.
Max Hahn (DP): “Wou ee konfrontéiert ass mat Problemer wéi der Energiedeierecht. De Kerosin ass ee Produit, deen extrem deier ass, et ass beim Ueleg deen deierste Produit. Dat heescht do wäert och d’Luxair mat Problemer konfrontéiert ginn.”
Den Direkter vun der Luxair wëll sech e Freideg zu de verschiddene Sujeten äusseren.