Police-BulletinPresuméierten Drogendealer am Kader vun haislecher Gewalt erwëscht

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt, datt en Donneschdeg am Ganzen dräi presuméiert Drogendealer konnte festgeholl ginn.
© Laurent Weber

An engem Fall war d’Police wéinst haislecher Gewalt op Eech geruff ginn. Deemno gouf eng Fra vun hirem Partner d’Trapen erofgestouss. Op der Plaz konnten d’Beamte just d’Affer untreffen, den Täter konnt méi spéit am Kader vun enger Sich gestallt ginn. Bei der Kontroll vum Mann hunn d’Beamten Droge séchergestallt a bei der Kierperduerchsichung eng gréisser Zomm Boergeld an en Handy fonnt. Am Laf vu weideren Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt de Verdächtegen e presuméierten Drogendealer wier. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Zwee weider Männer goufen iwwerdeem vun enger Patrull erwëscht, wéi si an der Rue Mathias Hardt an der Stad aus Hecken erauskoumen an op de Foussgängerwee gaange sinn. Wéi d’Beamten erbléckst hunn, hu si sech a Richtung Boulevard de la Pétrusse duerch d’Bascht gemaach. Béid Männer konnten awer vun de Poliziste gestallt ginn. Och bei hinnen hu weider Ermëttlungen erginn, datt si presuméiert Drogendealer sinn. Och hei huet de Parquet d’Festnam vun de Männer decidéiert. Si haten e Freideg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO