
Mat grousser Sécherheet ass d‘Sécherheet an deenen Tunnellen eng absolut Prioritéit an de strikte Respekt vun den internationalen Oploe steet ausser Fro. Dozou gehéieren och reegelméisseg Inspektioune vum ganzen Equipement, Maintenance- a Botzaarbechten. Et liicht och jidderengem an, datt wa Ventilatoren net korrekt funktionéieren, Preventiouns-Mesurë geholl ginn.
D‘Autoritéite mussen awer verstoen, datt déi, déi op den Auto ugewise sinn, dat éiwegt Gewulls mat deem Getunnels op der A7 net méi kënne novollzéien. Op alle Fall mussen eng Rei Froen erlaabt sinn, wat d‘Lëtzebuerger Gestioun vun deenen Tunnellen ugeet?
Konnt den aktuelle Problem wierklech net antizipéiert ginn, well et déi Situatioun viru méi wéi 10 Joer schonn emol gouf?
Gouf iwwerhaapt dat richtegt Material kaaft?
Firwat gëtt et scho fir d’zweet Problemer mat Ventilatoren, woubäi déi eng Liewensdauer vu méi ewéi 20 Joer sollen hunn?
Hänken där Apparater genuch um Plaffong? Firwat kann en Tüb net méi optimal belëft ginn, wann et e Problem mat engem oder verschiddene Ventilatore gëtt?
Sinn d‘Preventiouns-Moossname wierklech net anescht ze organiséieren? Firwat mussen a véier Tübe Sécherheetsmesurë geholl ginn, wann an ENGEM Rouer e Problem constatéiert gëtt? Verlaangen d‘Virschrëften dat?
Kéinten déi regulär Botz- a Maintenanceaarbechten net esou organiséiert ginn, datt d‘Nordstrooss-Tunnellen net zeg Nuechten am Joer zou bleiwe mussen.
Gëtt do mat genuch Equippe geschafft? Gëtt alles gemaach, fir Aarbechten zesummen ze leeën, oder fir zB gläichzäiteg am Grouft a Stafelter ze schaffen?
Firwat kréien d‘Leit net méi am Detail erkläert, firwat all dës Moossnamen onëmgänglech sinn a firwat si an sou enger grousser Reegelméissegkeet am Stau stinn oder Deviatioune musse fueren, spréch e Batz méi Zäit mussen aplangen.
Et ass op alle Fall de Cumul vun de Fermeturen oder Limitatiounen op där deierer Strooss déi mécht, datt d‘Leit sou lues d‘Nues voll hunn An et gëtt een d‘Gefill net lass, datt Ponts et Chaussées an déi aner Acteuren zwar hiert Bescht maachen, mä datt d‘Gestioun vun den Tunnellen op Plazen am Ausland méi effikass ass.
Eng Strooss ass do, fir drop ze fueren.
D‘Verwaltung an och d‘Mobilitéitsministesch géinge gutt drun doen, sech Gedanken ze maachen, wéi d‘Situatioun op der A7 ka verbessert ginn.
D‘Leit, déi nërdlech vun der Stad wunnen, wieren hinne wierklech dankbar.