Wat stécht do hannendrun a firwat gesi vill Bierger sech gezwongen, dowéinst eng Klo um Verwaltungsgeriicht anzereechen? Nach bis Enn der Woch ginn d’Anne Wolff an d’Monique Kater a Reportagen op Telé a Radio Lëtzebuerg Äntwerten heirobber. Et komme Privatpersounen zu Wuert, grad ewéi Juristen. A natierlech loosse mer och déi viséiert Ministère reagéieren. Mir fänken eis Serie mam Verwaltungsgeriicht un, dat dëst Joer säi 25. Gebuertsdag feiert a mat engem rezenten Urteel, dat héich Welle wäert schloen.
Se leien jo zimmlech no a friddlech beieneen, d’Héichhaus an de klenge Kueb... Wann ee sech elo e Stéck méi wäit aus der Fënster wëllt leeën, kéint ee behaapten, dass déi vun hirem Doheem hier manner gakeg, méi diskret, an och déi méi gerecht sinn. Mee fänke mer vir un. D’Verwaltungsgeriicht existéiert a schafft zënter 1997 am klenge Kueb. An dee Mann hei ass Kapp oder Papp vun deem ganzen, och wann de Francis Delaporte dat net gären héiert. D’Cour an e groussen Deel vun hiren Arrêten, d’Fassong wéi se formuléiert sinn, droe seng Ënnerschrëft. Eng 1.200 Affären traitéiert d’Tribunal am Joer, 250 bis 300 ginn als Appell weider un d’Cour, déi 2. Instanz an d’Riichter – pardon fir dëse Stroossen-Ausdrock – zéie sech hir Affären voll op d’Long. Dat heescht: si, d’Riichter vun der Cour administrative, ginn op den Terrain kucken a mat de Leit schwätzen. Et géing hinnen drëm Léisungen ze fannen, an der Optik vum soziale Fridden, sou de Francis Delaporte. Et géing hinnen drëm, e Gläichgewiicht ze schafen, tëscht dem Intérêt public an individuel.
De Maître Vogel ass vun der Aarbecht vun der Cour administrative grad esou iwwerzeegt, wéi hien vum Autoritarismus vun den Administratiounen degoûtéiert ass, dobäi missten d’Administratiounen fir d’Bierger schaffen, erkläert de Gaston Vogel. D’Leit géife fäerdeg gemaach an dat hätt deen Arrêt vum 20. Juli festgehalen. An där Decisioune kéimen ëmmer méi, wat och dem President Francis Delaporte ze verdanke wier. Hei géifen d’Principes généraux du droit applizéiert, freet sech de Maître.
Wou et dämpt ass Feier! Den 20. Juli dëst Joer gouf wéi gesot en Arrêt geschriwwen, deen d’Käpp am Ëmweltministère e gutt Stéck méi wäert dämpen doen, wéi de Sickerbrand 2015, de Kapp vum klenge Kueb. En Artikel an eiser Verfassung seet nämlech, dass een en Equiliber misst schafen, am Sënn vun der Nohaltegkeet an am Sënn vun dëser an de nächste Generatiounen an do kënnt dann nach d’Proportionalitéit dobäi, déi sougenannt Verhältnisméissegkeet.
Hei géif d’Verfassung applizéiert, déi stéing iwwer allem, erkläert de President vun der Cour, Francis Delaporte a präziséiert, dass 2021 Urteeler vun der Cour Constitutionnelle dem Prinzip vun der Proportionalitéit och Verfassungswäert ginn hunn.
An der Affär vun elo goung et ëm d’Renovéierung vun engem Haus an der Zone Verte a nieft enger Zone Natura 2000. Den Ëmweltministère huet en Ëmbau net gutt geheescht a gouf vun der Cour administrative op d’Plaz gesat. Eng Decisioun mat Konsequenzen, op déi mer am 2. Deel vun eiser Serie zréck kommen.
Hei den Arrêt vum 20. Juli 2022!
Zréck awer nach emol an d’Gäng vum klenge Kierchbierger Kueb... Wéi an engem Musée oder enger Galerie kënnt ee sech hei vir, nach éischter: wéi an engem Purgatoire! De Gedanken, ob een net eng ze vill uerg komme gelooss huet, geet engem duerch de Kapp. “Ma Nee”, seet de Riichter. Angscht sollen déi sëllege Biller wierklech net maachen. Se wieren eng Visioun vum Lécker Jurist a Moler Armand Jamar, deen de Krich op dës Manéier verschafft huet. Weltschmäerz, Glawen an d’Éiwegkeet wieren duergestallt.
D’Cour administrative hätt sech d’Zil gesat, alles richteg ze gesinn, vun alle Säiten ze kucken, net just um Pabeier, mä um Terrain, sou de Francis Delaporte. Mä wann een awer nach un dësem Geriicht zweiwelt, kann een ëmmer nach op Stroossbuerg goen, op de Geriichtshaff fir Mënscherechter!
“Verhältnismäßigkeit ist ein allgemeiner Grundsatz des EU-Rechts. Sie beschränkt die Behörden insofern in der Ausübung ihrer Befugnisse, als sie verpflichtet sind, ein ausgewogenes Verhältnis zwischen den eingesetzten Mitteln und dem beabsichtigten Ziel zu schaffen. Im Zusammenhang mit den Grundrechten – etwa dem Recht auf Schutz personenbezogener Daten – spielt die Verhältnismäßigkeit eine entscheidende Rolle bei jeglicher Beschränkung dieser Rechte.”Dës Definitioun ass vum European Data Protection Supervisor.
“Consacré par la Cour administrative suprême de Prusse dès 1882, avec l’arrêt Kreuzberg[6], le principe de proportionnalité découle aujourd’hui de l’interprétation des articles 19 et 20 de la Loi fondamentale allemande de 1949 qui garantissent la protection des droits fondamentaux[7], d’une part, et la défense de l’État de droit, de l’autre[8]. La puissance publique ne peut limiter la liberté des citoyens que « dans la mesure indispensable à la protection des intérêts publics »[9] : elle doit assurer en priorité la garantie des droits fondamentaux.” Definitioun vum franséische Conseil d’État.
D’Affär virum Verwaltungsgeriicht gi vun Asyl-Froen iwwer Dossiere vu Sites et Monuments, bis bei den Environnement. Vill hätte si den Ament och mat de PAGen ze dinn. De Gros vun de Gemengen hunn hire Bebauungsplang och wéinst de Reklamatioune vum Bierger nach net ofgeschloss. Eleng de Stater Bebauungsplang hätt méi wéi 50 Affären am Appell gehat!
En Thema mat deem sech de Gaston Vogel an engem Lieserbréif ausernee gesat huet. Hei geet et ëm d’Roll vum Inneministère an der PAG-Prozedur.
Episod 2: Arrêt vum Verwaltungsgeriicht - En explosiivt Urteel mat Konsequenzen