De Schnéi huet aktuell vill Länner an Europa fest am Grëff. Zu Amsterdam um Shiphol Flughafen goufen iwwer 700 Flich annuléiert. Och zu Bréissel si Flich Richtung Lëtzebuerg ofgesot ginn. A Frankräich gëllt an 38 vun den 101 Departementer d’Vigilance orange, déi zweethéchst Warnstuf.
An och hei zu Lëtzebuerg schneit et zanter der Mëttesstonn um Mëttwoch a Meteolux huet eng giel Alerte fir d’ganzt Land erausginn. Dorop gouf sech bei de Ponts et Chaussées fläisseg preparéiert. D’Annick Goerens ass mat streeë gaangen.
Ronn 10 Camione sinn um 10 Auer vum CITA zu Bartreng gestart. Ech souz beim Joé Bausch am Stree-Camion mat derbäi. Hien ass zanter e puer Joer Salarié vun de Ponts et Chaussées a mir fueren den “Contournement 1".
“Do fuere mer Helfent eraus, Richtung Briddel, déi zwee Rond-pointen an d’Bréck maachen. Da fueren mer riichtaus bis op de Kierchbierg an de Rond-point Serra a vun do aus dann zeréck. Da fuere mer op Stroossen dréien, op Leideleng dréien an da maache mer nach zwou Bretellen. An dobäi oppassen, dass een d’Leit net mam Plou vir ze pake kritt”, sou de Joé Bausch.
400 Agenten op 300 Gefierer sinn am Streedéngscht prett, fir sech op dräi verschiddene Schichten d’Aarbecht opzedeelen. D’Ponts et Chaussées couvréieren am ganzen 3.000 Kilometer Staatsstroossen. Dat sinn Nationalstroossen, Autobunnen an CR’en [Chemins Repris]. De Rescht gëtt vun de Gemenge gemaach.
Dofir gëtt ganz vill Salz gebraucht, erkläert de Ralph di Marco, Direkter vun der Kommunikatioun bei Ponts et Chaussées: “Mir hunn e Stock vu ronn 20.000 Tonnen. Mir streeën all Joer eng Moyenne vun 17.000 Tonnen. An der leschter Saison ware mer bei 17.000 Tonnen. D’Joer virdru bei 19.000. Dat hänkt ganz dovun of. Elo am Moment si mer scho bei 10.000 Tonnen, déi dës Saison gestreet goufen.”
Am Noutfall kéint een och ëmmer nobestellen. D’Salz vun zwou Lëtzebuerger Firme kënnt aus Frankräich an Däitschland. Am Ausland, grad an den Alpen, gesäit een dacks Kräsi amplaz vum Salz. Dat ass méi ëmweltfrëndlech, mee fir Lëtzebuerg keng Optioun.
“Éischtens mol, fir dat nämmlecht Resultat mam Kräsi ze kréien, wat mer mam Salz hunn, misste mer véier Mol méi streeën. Dann ass de Problem vum Drainage. De Kräsi géing dee verstoppen. An op den Autobunne géing d’Waasser dann op eemol net méi korrekt oflafen an dat géing zu geféierleche Situatioune féieren. An da muss een och wëssen, an Éisträich oder der Schwäiz, do ass de richtege Wanter, mat vill Schnéi, däitlech méi laang. De Kräsi gëtt do gestreet a bleift da leien. A wann de Schnéi bis geschmolt ass, da gëtt en ewech geholl. Hei schneit et zwar elo am Moment nawell zolidd, mee mir wëssen net wéi laang de Schnéi leie bleift. An da misst all Kéiers nees nei gestreet an erëm ewech geholl ginn. An den Opwand wier wierklech net optimal.”
Mat Kräsi bräicht een och vill méi grouss Stockage-Méiglechkeeten, well jo méi gebraucht gëtt an och méi eng grouss Ekipp, well méi dacks misst gestreet ginn. Dofir bleiwe mer hei am Land also beim Salz.
De Camion kann iwwregens iwwer eng Distanz vun op d’mannst 12 Meter Salz streeën. Op der Landstrooss oder op Autobunnschantieren soll een de Camion och net iwwerhuelen. Dacks hunn dës nämlech och nach eng Schëpp op der Säit an dofir net ganz vill Plaz.
Et ass och den Appell vun de Ponts et Chaussées, just mat Wanterpneuen um Auto ze fueren. Déi sinn hei am Land obligatoresch, mee et gëtt sech net ëmmer drun gehalen.
Am Pisa hate mer Iech matgeholl an eng Streesalzminn a Frankräich, wou d’Salz mat risege Maschinnen aus dem Buedem geholl gëtt.