Vu 557 PCR-Tester waren der 86 positiv

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.124 bliwwen ass.
Aktuell si just nach 5 Persounen hospitaliséiert, kee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.278 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 138 waren ergänzend Dosen, wärend sech véier Leit fir eng éischt Impfung decidéiert hunn. Bei enger Persoun war et déi zweet Dosis.
Bei 35 Persounen ass eng Re-Infektioun festgestallt ginn.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.