Neie Quartier amplaz al Brauerei
Um Site direkt nieft der Gare soll den Immobiliëprojet "Dräieck Dikrech" mat Wunnengen, Büroen a Commercen entstoen.
Zanter Mäerz 2019 gëtt et an der fréierer Brauerei zu Dikrech keng wirtschaftlech Aktivitéit méi. Enn August hunn déi definitiv Ofrappaarbechten ugefaangen. Um Site direkt nieft der Gare soll den Immobiliëprojet "Dräieck Dikrech" mat Wunnengen, Büroen a Commercen entstoen. Ee Stéck Lëtzebuerger Brauereigeschicht mécht also Plaz fir d'Zukunft, mä de Wee ass nach wäit.
Deen éischte Schrëtt ass awer alt scho mol gemaach, nämlech d'Demolitioun vun de fréieren administrative Gebaier. Parallel dozou ginn an den eemolege Produktiounsgebaier d'Maschinnen demontéiert. Déi Responsabel vun der Entreprise Matexi, där de Site zesumme mat Saphir Capital gehéiert, erklären, datt déi éischt Phas vun den Aarbechte bis Mäerz/Abrëll 2023 dauere soll. Dono wéilt een den Tuerm, op deem an der Zäit de charakteristeschen Humpe seng Plaz hat, ofrappen. An och iwwert déi Etapp eraus lafen d'Planifikatiounen, seet de Régis Ortmans, Regionaldirekter vu Matexi.
"En même temps nous allons travailler sur la programmation du développement général du projet. Nous avons un PAP depuis 2014 et nous savons vers où nous voulons aller. Nous sommes en discussion avec une série de partenaires ou de clients potentiels, y compris la ville. L'idée c'est de pouvoir rentrer le permis pour commencer les travaux, notamment dans la Zuckerfabrik et du lot 4 dans le courant de 2024 avec un début des travaux au courant de 2025."
Ofgeschloss sollen d'Aarbechten am Laf vum Joer 2027 ginn. Am Ganzen ëmfaasst de Projet "Dräieck Dikrech" sechs Parzelle mat ëm déi 25.000 Quadratmeter, déi exploitéiert kënne ginn. An der fréierer Zockerfabréck, déi ënnert Denkmalschutz steet a bei engem Feier am Abrëll d'lescht Joer quasi komplett ausgebrannt ass, sollen op 6.000 Quadratmeter souwuel ee Café, Geschäfter, Büroe a Wunnengen entstoen. Nieft de Grondmauere vun der Zockerfabréck bleiwen och nach aner Zäitzeien erhalen.
"Il est convenu ensemble avec la ville et nous le promoteur de garder ces cuves, car c'est extraordinaire. Une va être conservée par la ville, une va être réutilisée sur le site, concernant les deux autres, c'est toujours en discussion."
Et ass ze héieren, datt déi zwee aner Braukesselen op d'Insele vu Rond-pointen zu Dikrech komme sollen. Oppe Froe gëtt et och mat Bléck op d'Plaz virun der Zockerfabréck, wou aktuell nach Zuchschinne lafen, déi allerdéngs net méi genotzt ginn. Hei géingen déi Responsabel am léifsten eng Plaz vun der Begéinung amenagéieren. Gespréicher wieren amgaangen. Egal wéi dës ausginn, dierft awer souwisou nach bëssi Béier d'Strass eroflafen, bis den "Dräieck Dikrech" Realitéit ass.