Inflatioun kéint am Januar 2023 e Peak vun 8,7 Prozent erreechen

© RTL-Grafik
De Statec huet seng Inflatiounsprevisioune fir 2023 no uewe misste korrigéieren. Schold dorunner si virun allem d'Energiepräisser.
En Donneschdeg de Moien huet de Statec den Detail vu sengen aktualiséierten Inflatiounsprevisiounen publizéiert. Op dëser Basis wäerten d'Regierung an d'Sozialpartner vun e Sonndeg un diskutéieren, fir méiglech Hëllefen a Weeër aus der akuter Energiekris ze fannen a - wa méiglech - zu engem Accord ze kommen. Gewerkschaften a Patronat kruten d'Previsioune schonn e Mëttwoch presentéiert.
Wärend d'Inflatioun am August bei 6,8 Prozent nach gréisstendeels stabel bliwwen ass, erwaart sech de Statec een Héichpunkt vun 8,7 Prozent am Januar 2023. Ënnert dem Stréch rechent de Statec fir dat ganzt Joer awer weider mat 6,6 Prozent Inflatioun. Fir d'nächst Joer goufen d'Previsioune vu 5,3 Prozent op 6,6 Prozent no uewe revidéiert.
Deen Ament géifen dat anert Joer nach zwou weider Indextranchë falen, no där, déi nach dëst Joer erfale wäert. Derbäi kënnt och nach d'Indextranche, déi am Juni declenchéiert gouf, mä op Basis vum leschten Tripartitesaccord, op den Abrëll d'nächst Joer verréckelt gouf.
Virun allem d'Energiepräisser droen dozou bäi, datt d'Inflatioun zu Lëtzebuerg weider unzitt. D'Menace vun enger Gaspenurie a méiglech Problemer mat der Stroumversuergung drécken d'Präisser europawäit an d'Luucht. Viraussiichtlech am Oktober stinn dem Statec no weider Präishaussë beim Gas an d'Haus, beim Stroum ginn d'Präisser wuel am Januar méi staark erop.
Am zentralen Zenario geet de Statec dovunner aus, datt de Gaspräis am Wanter ëm ganzer 160 Prozent par Rapport zum Summer an d'Luucht geet. Dat ass nach emol 70 Prozent méi, wéi déi lescht Previsiounen. Beim Stroum antizipéiert d'Statistikamt elo eng Hausse vu 45 Prozent.
De Gesamtkonzept bleift extrem volatil. Gasenkpäss kéinten an den nächste Méint nach weider op d'Präisser drécken an nieft dem Gas an dem Stroum och d'Pëtrolspräisser weider no uewen dreiwen. Op där anerer Säit kéinten déi geplangten Agrëff op den Energiemaart an d'Spuerefforte beim Gas awer och d'Tensioune limitéieren. Fir weider Onsécherheet suergt och de Cours vum Euro vis-a-vis vum Dollar. Op der anerer Säit kéint en Enn vun der Null-Covid-Strategie a China Drock vun de Liwwerketten huelen an d'Inflatioun doduerch gebremst ginn. Grad wéi d'Awierke vun der Europäescher Zentralbank.