Coronavirus zu Lëtzebuerg
Vun 1.105 PCR-Tester waren der 222 positiv

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.127 bliwwen ass.
Aktuell sinn 13 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 1.290.474 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 111 waren ergänzend Dosen, wärend et bei enger Persoun déi zweet Dosis war a bei guer kenger déi éischt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 1,13. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
Am meeschte gelies