Deemno solle sech d'Leit iwwer 65 mat zwou Sprëtzen impfen loossen, déi an engem Intervall tëscht 2 a 6 Méint gemaach ginn.

Dës Recommandatioun gëtt de Conseil fir ustiechend Krankheeten (CSMI) an engem rezenten Avis.

De Pharma-Produzent vum entspriechende Vaccin "Shingrix" huet dann och confirméiert, datt vu Summer u genuch Impfdosissen zur Dispositioun géife stoen.

Bis ewell ass d'Impfe géint d'Gürtelrous nach net am Nationalen Impf-Plang mat dran a gëtt deemno net rembourséiert. Dës Diskussioune lafen awer um Niveau vun der CNS.

Bis ewell gi fir Erwuessener eenzeg d'Vaccine géint d'Gripp an d'Pneumocoqueninfektioun zeréckbezuelt.

Dës Informatioune liwwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der DP.

Zanter 2009 ass d'Kanner-Impfung géint d'Waasserpouke vun engem Joer u recommandéiert. Den Impftaux mat dësem Kombi-Vaccin läit bei 87% vun de Kanner, déi eng komplett Dosis kruten, dee géint Waasserpouken, Riedelen, Riselen a Mumps protegéiert.

D'Ursaach fir eng ustiechend Gürtelrous ze kréien, ass eng Infektioun mam Waasserpouken-Virus (Varicella-Zoster), deen zur Famill vun den Herpes-Vire gehéiert.

D'Krankheet fänkt mat Blosen op der Haut un a ka staark kierperlech a nervlech Péng mat sech bréngen. Eng séier Diagnos an Traitement gi recommandéiert, fir Schied à long-terme ze vermeiden.