D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, ëm een op 1.133 geklommen ass.

Aktuell si 24 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.821 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 395 waren ergänzend Dosen, wärend et bei dräi Persounen déi zweet Dosis war a bei fënnef déi éischt.

Et goufen 310 Neiinfektioune registréiert.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.