D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.134 bliwwen ass.

Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, eng dovunner läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.877 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 567 waren ergänzend Dosen, wärend et bei véier Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

Et goufen 246 Neiinfektioune registréiert.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,20. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.