Zu Gréiwemaacher goufen um Donneschdeg déi nei CHL-Praxiszentren offiziell ageweit. Se bidden eng weider Plaz fir ënner anerem Mammographie, Chemotherapie an Traitement vu chronescher Péng.
D’Spidolsmedezin méi no bei de Patient bréngen. Dat ass zënter 2019 d’Zil vun den CHL-Praxiszentren. Där Strukture baussent dem Centre Hospitalier ginn et zu Maarnech, Stengefort, Miersch an och zu Gréiwemaacher. Ma deen am Oste gouf rezent an en anert Gebai, nämlech an d’Villa Burton zu Maacher verluecht an och ëmstrukturéiert.
Duerch dat neit Spidolsgesetz dierfe jo zum Beispill Rëntgen, IRMen, Mammografien oder Behandlungen, déi soss reng an de Klinicke méiglech waren, elo och an de Spidolsantenne gemaach ginn. A genee dat geschitt och an den neien CHL Praxiszentre Gréiwemaacher.
Zënter Ugangs dës Joers ginn hei Patienten an engem modernen a gemittlechen Encadrement empfaangen, beroden, ënnersicht a behandelt. Ee Pilier an der Struktur op der Musel ass de Broschtkriibs-Depistage. Fir d’Waardezäiten ze reduzéieren a sech am CHL an der Stad op Urgencen a Verdachtsfäll kënnen ze konzentréieren, solle vun elo un quasi all d’Ënnersichunge vum CHL, am Kader vum nationale Mammographie-Programm, zu Gréiwemaacher gemaach ginn. Zënter dem 1. Januar 2026 war de Mammograf am neien Zenter scho ronn 70 Mol am Asaz.
Donieft ass d’Struktur awer och equipéiert fir Chemotherapië bei verschiddene Kriibspatienten duerchzeféieren an et gi speziell rTMS-Traitementer gemaach, am Fall vu chronescher Péng. Et handelt sech heibäi ëm eng, fir Lëtzebuerg nei Technik, bei där keng Medikamenter am Spill sinn, mee versicht gëtt mat Magnéitstimulatioun d’Péng ze bekämpfen. Et wier am Interêt vum Patient an engem méi heemlechen a rouege Kader reegelméisseg a méi laangwiereg Behandlungen ze suivéieren.
Méi no bei de Leit, méi kuerz Delaien, besser organiséiert, méi modern a confortabel, esou gouf den zousätzleche Site vum CHL zu Maacher bei der Inauguratioun um Donneschde beschriwwen.
Den Ament wieren d’Praxiszentre wuel nach fest un e Spidol gebonnen, mee d’Aarbechte géife lafen, sot d’Gesondheetsministesch, fir déi zousätzlech Sitten och opzemaache fir Dokteren a Gruppe vu Medezinner, déi mat engem Spidol en Agrement hunn, awer net enk mat enger Klinik musse liéiert sinn.