D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.136 geklommen ass.

Aktuell sinn 29 Persounen hospitaliséiert, zwou dovunner leien op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.961 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 226 waren ergänzend Dosen, wärend keng Persoun eng zweet Dosis krut a bei dräi Persoune war et déi éischt.

Et goufen 147 Neiinfektioune registréiert.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,08. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.