Mënscherechtskommissioun begréisst Reduktioun vun Isolementsdauer

© RTL-Archivbild
Domat hätt d'Regierung agesinn, datt dës Mesure, déi zanter Mëtt 2020 gëllt, net proportionell an och net néideg gewiescht wier, sou d'CCDH.
Datt am neie Covid-Gesetz d'Dauer vum Isolement soll vu 7 op 4 Deeg erofgoen, begréisst déi onofhängeg Mënscherechtskommissioun an hirem rezenten Avis.
Den Isolement stellt fir den CCDH och eng Privatioun vun der Fräiheet vu jiddwerengem duer, sou datt dëst en Amëschen an d'fundamental Rechter vun all Mënsch gewiescht wier.
Wat déi nei geplangt Dauer vum Isolement vu 4 Deeg ugeet, sou soll dës Ordonnance och als Certificat fir de Patron gëllen, fir net op d'Schaff déi Zäit ze goen.
Wann d'Symptomer dann iwwert de 4 Dag eraus undaueren, muss de Covid-Patient bei engem Dokter passéieren.
Déi nei Covid-Reglementatiounen, wa se da bis an der Chamber gestëmmt goufen, solle bis Enn Mäerz 2023 gëllen - natierlech awer nëmmen, wann net nees mussen am Wanter nei, méi streng Restriktioune gestëmmt ginn.