Zu der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel sot Fokus e Freideg der Presse géintiwwer, dass een d’Gefill vun engem Zäitspill gehat hätt.

Amplaz ee ganzt Joer am Walkampf ze verbréngen, fuerdert d’Partei Fokus dass souwuel d’Gemengen- wéi och d’Chamberwalen ugangs Juni ofgehale ginn, um nämmlechten Dag. Dat géing Zäit a Sue spueren, esou de Parteispriecher Frank Engel. Et kéint een sech zwar Virstellen, dass verschidde Kandidaten no de Gemengewalen nei placéiert ginn, ma dat dierft awer net ausschlaggebend sinn.

Fokus iwwert d'Walen - Reportage Monica Camposeo

Zu der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel sot Fokus e Freideg der Presse géintiwwer, dass een d’Gefill vun engem Zäitspill gehat hätt. D’Regierung hätt d’Land zwar gutt duerch d’Krise bruecht, ma elo wier d’Loft eraus. Et wier an der Ried méi rapportéiert ginn, wéi dass konkret géing regéiert ginn. Och dowéinst wënscht sech déi nei Partei, dass am Fréijoer a net eréischt am Hierscht eng nei Regierung gewielt gëtt.

Doriwwer eraus bedauert Fokus, dass d’Educatioun am Etat de la Nation net virkomm ass. Dem Frank Engel no hätt ee spéitstens bei der Iddi, op all Daach eng Solaranlag z’installéieren, missen d’Fro vun der Ausbildung am Handwierk ugoen. Déi Penurie am Secteur géing sech nämlech net vum selwe léisen. D’Partei wéilt dass och d’Noten am Fondamental nees agefouert ginn, ma doriwwer wéilt een an enger separater Pressekonferenz informéieren.

Nieft der gratis Kannerbetreiung huet d’Partei eng Aarbechtszäitverkierzung ouni Lounaboussen ugeschwat, fir Eltere mat Kanner déi nach net am Lycée sinn.

Wat de Logement ugeet, esou ass Fokus der Meenung, dass mam Gesetzesprojet zum Bail à Loyer de falsche Message vermëttelt gëtt. Wa keen oder manner finanziellen Ureiz do ass, géinge manner Privatleit investéieren a verlounen. Well eise Wirtschaftsmodell awer dorop opgebaut ass, dass d’Populatioun wiisst, respektiv och ëmmer nees e Wandel do ass, wier dat Fokus no kontraproduktiv. De Locatiouns-Marché dierft net vernoléissegt ginn. Ausserdeem proposéiert Fokus méi op d’Emphythéose se setzen. Terrainen, déi baussent dem Bauperimeter leien, kéinten dofir mobiliséiert a bebaut ginn.

Aktuell huet d’Partei Fokus eng 150 Member. En Zil bis d’Walen hätt een sech net gesat, als Spëtzekandidat fir d’Nationalwalen am Oktober d’nächst Joer gouf den Frank Engel designéiert.