E Samschdeg de Moie géint 8 Auer war op der Aire de Berchem eng méi lass. E puer Leit hate sech an d'Hoer krut. Der Police gouf eng Schosswaff gemellt.

Zwee Verdächteger - e Mann an eng Fra - si virun der Police geflücht. Wou den Auto vun enger Patrull op der Héicht vun der A13 a Richtung franséisch A3 gesi gouf, hunn d'Beamten d'Poursuite opgeholl. Den Auto konnt schliisslech hannert der franséischer Grenz ugehale ginn. Am Auto vun deenen zwou Persounen hunn d'Beamten dann och tatsächlech eng Schosswaff fonnt. D'Waff gouf saiséiert an de Mann an d'Fra goufe festgeholl.

D'Police gouf vum Parquet mat enger Enquête op der Plaz beoptraagt. Wärend d'Fra e Sonndeg schonn nees op fräiem Fouss war, huet de Lëtzebuergesche Parquet de franséischen Autoritéiten eng Demande fir d'Ausliwwerung vum Mann gestallt. Beim Virfall gouf kee blesséiert.