Renovatiounen ofgeschlossPlaz fir 190 Flüchtlingen an der Weilerbaach

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht knapp véier Joer waren keng Persounen am Foyer ënnerbruecht, well d'Gebai aus dem Joer 1909 komplett renovéiert gouf.

Flüchtlingsfoyer Héliar Weilerbaach/Reportage Marc Hoscheid

Fréier hu Leit hei Heelung an Entspanung gesicht, ma zanter dem Joer 2000 ass de fréiere Sanatorium Neuens an der Weilerbaach eng Struktur fir Demandeurs d’asiles vum Office national de l’accueil (ONA). Déi lescht knapp véier Joer waren awer keng Persounen am Foyer Héliar ënnerbruecht, well d’Gebai komplett renovéiert gouf. Dës Aarbechte si lo ofgeschloss an Ënn des Mounts sollen déi éischt Persounen an hir Zëmmere plënneren.

Et ass eng gemëschte Struktur, et ginn also souwuel Famillje wéi och Fraen a Männer, déi eleng sinn, opgeholl. Fir d’Kanner sou gutt ewéi méiglech ze encadréieren, sinn zwee Schoulgebaier um Site.

D’Sylvie Lettal vun der Croix Rouge ass déi Responsabel vun der Struktur an erkläert, wéi si mat de Leit schaffen.

“An éischter Instanz geet et mol ëm d’Integratioun, Sprooche léieren, vläicht u Workshoppen deelhuelen, hir Ressourcen einfach rëm aktivéieren. An dann an enger zweeter Phas um Aarbechtsmarché ze kucken. Do schaffe mer ganz enk mam Office social vu Beefort zesummen. Si ënnerstëtzen eis bei de BPIen, also deene Leit déi de Statut schonn hunn a prett si fir ze schaffen.”

Maximal bitt de Foyer, deem seng Renovatioun 26 Milliounen Euro kascht huet, bis zu 190 Persounen Plaz. D’Gemeng Bäerdref huet ronn 2.000 Awunner, ongeféier ee Véierel dovu sinn d’Demandeur-d’asillen. Virun deem Hannergrond géing sech de Schäffen Daniel Scharff méi Engagement vun anere Gemenge wënschen. Mat Bléck op déi zukünfteg Bewunner vum Foyer Héliar géif et virun allem eng Erausfuerderung.

“D’Gemeng huet virun allem Belaaschtungen am Populatiounsbüro. Wa lo an den nächsten Deeg, se kommen jo zwar net all mateneen, 190 Leit oder soe mer 150 Leit kommen, dann hunn déi natierlech déck Aarbecht. Dat ass eng zousätzlech Laascht fir d’Gemeng, déi och finanziell bëssi eppes ausmécht, mee dat ass awer ze stemmen.”

Maximal bitt de Foyer wéi scho gesot bis zu 190 Persounen Plaz. Dës Kapazitéit wier och batter néideg, well d’Zuel vu Leit, déi zu Lëtzebuerg Schutz sichen, weider héich ass, wéi de Minister fir Immigratioun an Asyl Jean Asselborn ënnersträicht.

Extrait Jean Asselborn

“Mir hunn héchstwarscheinlech duebel sou vill Leit, wéi d’lescht Joer komm sinn, an ech gesi fir d’Zukunft eigentlech keng grouss Ännerung. Den ONA huet aktuell 7.000 Better zur Verfügung a 6.400 Leit sinn am ONA ënnerbruecht. Ech muss ëmmer rëm betounen, datt dat just an Zesummenaarbecht mam Roude Kräiz an der Caritas geet.”

Bis elo hunn dëst Joer 1.785 Persounen eng Asyldemande zu Lëtzebuerg eragereecht, bis Enn dës Joers kéinten et der bis zu 2.300 sinn. Dowéinst wier et wichteg, datt aner Gemenge sech um Beispill vu Bäerdref inspiréieren an de Wee fir Strukture vum ONA op hirem Terrain fräi maachen.

Back to Top
CIM LOGO