Nach méi labber Reegele mam neie Covid-Gesetz goufen en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber unanime ugeholl.

Reportage Covid-Gesetz vum Maxime Gillen

Deemno muss ee sech bei enger Covid-Infektioun an Zukunft nëmmen nach 4 Deeg laang isoléieren, fir ze evitéieren, dass ze vill Krankeschäiner an der Aarbechtswelt zu Problemer féieren. Ass een awer nach krank, muss ee mat sengem Dokter kucken, fir de Krankeschäin ze verlängeren. Mam Contact Tracing gëtt da ganz opgehalen an de sougenannte forcéierten Hebergement, dee bis elo nach am Gesetztext dra stoung, ma bis ewell ni applizéiert gouf, gëtt och gestrach.

Déi nei Dispositioun gëllt awer elo nach net a warscheinlech och eréischt vu Mëtt nächster Woch un. Da wann de Staatsrot d'Dispens vum zweete Vott ginn huet an d'Gesetz am Mémorial publizéiert ginn ass. Dat goufe mer um Freideg beim LSAP-Rapporter Mars di Bartolomeo gewuer. Wann den neien Text bis en Vigueur ass gëllen déi 4 Deeg, och fir Leit déi dee Moment schonn an Isolatioun sinn. Fir den Ufank vun der Isolatioun ze determinéiere ginn entweder d'Symptomer oder de positiven Test gekuckt.

Donieft gëtt de Long-Covid elo hei am Land offiziell unerkannt. Eng Kur fir Leit mat persistente Long-Covid-Symptomer ass vun elo un an der Nomenklatur vu medezineschen Akten a Servicer virgesinn, a gëtt deemno och vun de Krankeversécherungen iwwerholl.

A sengem Rapport zum Gesetzesprojet huet de Rapporter Mars di Bartolomeo betount, dass mir aktuell op en Neits eng Hierschtwell vu Covid-Infektiounen erliewen. Previsioune vun der Uni Lëtzebuerg no kéint d'Zuel vun den Infizéierten am November dowéinst op bis zu 800 klammen, wat zu ronn 50 Hospitalisatioune géif féieren. Ausserdeem missten deen Ament eng 10 Leit op der Intensivstatioun betreit ginn.

"Domat sinn eis Spideeler zwar betraff awer net iwwerlaascht. Dozou kënnt, dass vill Leit scho geimpft sinn an an der éischter Hallschent vum Joer mat engem Omikron-Subvariant infizéiert gi sinn, wat hir Immunitéit fir dësen Hierscht nach emol dierft stäerken."

De legale Kader vum Gesetz gëtt iwwerdeems bäibehalen, fir kënnen am Noutfall séier ze reagéieren. Wat sech mat deem neien Text allerdéngs net ännert, ass d'Maskeflicht am Gesondheets- a Fleegeberäich, wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert.

"D'Gestes barrières bleiwen nach just do en place, wou geschafft gëtt ronderëm Leit, déi par essence méi vulnerabel sinn an, egal wéi d'Situatioun ass, ëmmer méi ufälleg wäerte bleiwen fir esou e Virus. Dat ass an de Spideeler an den Alters- a Fleegeheemer an och an de Reseauen. Mir denken, dass dat eng gutt Virsiichtsmoossnam elo nach ass am Hierscht, fir dës Leit maximal ze schützen an esou de Risiko vu schwéieren Erkrankungen nach kënnen ze drosselen."

Den aktuellen Text gëllt am Prinzip bis Enn Mäerz d'nächst Joer. De Regierungsrot huet e Mëttwoch fir en entspriechende Réglement grand-ducal gréng Luucht ginn.