Vun 1.336 PCR-Tester waren der 337 positiv

© RTL
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.139 bliwwen ass.
Aktuell si 36 Persounen hospitaliséiert, fënnef dovunner leien op der Intensivstatioun.
143 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.
Am Ganze goufe bis ewell 1.291.338 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 650 waren ergänzend Dosen, wärend dräi Persounen eng zweet Dosis kruten a bei siwe Persoune war et déi éischt.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,87. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.
D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck