Lëtzebuerg huet d'Ukrain bis ewell mat 100 Milliounen Euro ënnerstëtzt

© MFIN (Archiv)
D'Mobiliséierung fir d'Ukrain ass och finanziell ze chiffréieren. D'Yuriko Backes huet an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro Zuele genannt.
Esou huet Lëtzebuerg bis ewell knapp 100 Milliounen Euro fir zivil a militäresch Zwecker ausginn, wouvunner iwwer 73 Milliounen Euro Militärhëllef duerstellen.
Donieft bedeelegt de Grand-Duché sech un europäeschen an internationalen Initiativen, zum Beispill indirekt iwwert seng Kontributioun an den EU-Budget oder direkt duerch d'Kontributioun an d'Facilité européenne pour la paix.
D'EU huet zanter der russescher Invasioun an der Ukrain eng 12 Milliarden Euro Hëllefen zougesot - dat ass fir humanitär Hëllef, mee och via EU-Garantien fir Prête bei der BERD an der BEI.
Andeems déi finanziell Ënnerstëtzung dem Land erméiglecht, seng Infrastrukturen, essentiell Servicer a domat säi Staatsapparat wärend dëse schwéiere Zäiten um Liewen ze halen, gëtt d'Basis geluecht fir eng zukünfteg, nohalteg Entwécklung vun der Ukrain, sou seet et d'Finanzministesch Yuriko Backes.
Basis war eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.