D’Omikron-Variant verursaacht manner uerg Krankheetsverleef. Wat de Long-Covid ugeet, si bis ewell nëmme kleng Ënnerscheeder opgefall.

769 Patiente si bis ewell an der Long-Covid-Consultatioun am CHL passéiert. Hei ass jo d’Ulafstell fir de Long-Covid-Pilot-Projet, wou déi Betraffen no enger Anamnees an Tester an de Rehazenter, an d’Thermalbad op Munneref oder an de CHNP op Ettelbréck weider orientéiert ginn. D’Altersmoyenne vun de Betraffene läit bei 47 Joer. Ronn 63 Prozent si Fraen.

Déi meescht haten e liichte Krankheetsverlaf, leiden awer haut nach un den Nowéien: Middegkeet, Kuerzootmegkeet, Konzentratiouns- a Gediechtnesproblemer sinn déi gängegst Symptomer.

"Manner Problemer mam Geschmaach- a Gerochssënn"

"Den Ënnerscheed vun Omikron par Rapport zu de viregte Varianten ass, datt mer e bësse manner Leit hunn, déi Problemer mam Geschmaach- a Gerochssënn hunn", seet d’Dr Thérèse Staub, Responsabel vum Nationale Service vun den ustiechende Krankheeten.

Et ass awer nach ze fréi, fir elo scho Conclusiounen iwwer de Long-Covid vun der Omikron-Variant ze zéien. Déi meescht Patienten, déi den Ament iwwer de Pilot-Projet a Behandlung sinn, haten d’Infektiounskrankheet lescht Fréijoer, leschte Wanter oder souguer schonn am Hierscht 2021. Deemools war d’Varianten nach net verbreet.

Méi Long-Covid duerch Omikron?

Verschidden Experte waren och dovunner ausgaangen, datt ee wéinst Omikron mat méi Long-Covid-Patiente rechne misst, vu datt d’Variant jo vill méi ustiechend ass, deemno och méi Leit erwëscht huet.

Dat schéngt awer net de Fall. D'Dr Staub huet souguer d’Gefill, datt d’Zuel vu Long-Covid-Patienten rezent liicht erofgeet. Eng Tendenz, déi och den Dr Fabien Raynard aus dem Rehazenter mengt ze spieren. Hien observéiert dernieft, datt am Verglach zum leschte Wanter e bësse méi männlech Long-Covid-Patienten an de Rehazenter kéimen.

Chronesch Middegkeet vergeet dacks réischt méi spéit

No zwee Méint géif een zolidd Verbesserunge notéieren, sou d’Erfarung vum Dr Raynard. Fir d’éischt physescher Natur, duerno och kognitiver an neuropsychologescher Natur. Eng ganz Rei Patienten hätten awer och no der Reeducatioun nach mat chronescher Middegkeet ze kämpfen, betount de Medezinner. Et hätt sech awer gewisen, datt dës Symptomer mat der Zäit op emol fortgoe kéinten.

No den néidegen Tester am CHL ginn d’Long-Covid-Patiente weider orientéiert. Bis ewell 236 an den Ettelbrécker Centre Neuropsychiatrique. Iwwer 330 op Munneref an Thermalbad. D’Long-Covid-Kueren zu Munneref gi jo lo vun der Gesondheetskeess iwwerholl. De Rehazenter huet bis ewell 160 Long-Covid-Patienten reedukéiert.