Vun 1.516 PCR-Tester waren der 322 positiv

© RTL-Grafik
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.144 bliwwen ass.
Aktuell si 34 Persounen hospitaliséiert, dovunner läit den Ament allerdéngs keen op der Intensivstatioun.
148 Persounen hu sech eng weider Kéier mam Coronavirus infizéiert.
Am Ganze goufe bis ewell 1.291.424 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 348 waren e Méindeg ergänzend Dosen, wärend keen eng zweet Dosis krut. Bei siwe Persoune war et déi éischt Impfung.
D'Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.