"Cliniciens-chercheus" oder "Médecins-chercheurs" - Dokteren, déi nieft hirer Aarbecht mam Patient um Stack an der Recherche schaffen, gëtt et scho laang.

Dem Nationale Kriibsplang no solle sougenannt "Cliniciens-chercheurs" zu Lëtzebuerg an de Spideeler agestallt ginn. Ma dat ass schwéier. Ënner anerem well et nach ëmmer keen entspriechende Statut gëtt.

De Kriibsspezialist Dr Sébastien Rinaldetti beispillsweis fuerscht weekends oder owes. Optimal wier dat net, seet hien.

"Dat weist wierklech, datt den Alldag vum Médecins relativ zäitopwänneg ass. An de Problem ass, datt mer elo e relativ grousse Mangel hunn un Nowuess vu Médecins-chercheuren, well déi Work-Life-Balance net wierklech erfëllt ass."Hëllefe géif e Statut fir de Clinicien-chercheur, dee festleet wéi vill Prozent vu senger Zäit den Dokter mam Patient schafft, wéi vill Prozent un der Fuerschung a wéi dës finanzéiert gëtt.

Dr Rinaldetti: "Dat gëtt natierlech eng gewësse Struktur an dat mécht de Clinicien-chercheur och onofhängeg dovunner, musse Suen ze sammelen, fir sech selwer d'Zäit ze finanzéieren, déi hien am Spidol net ka schaffen."

De Problem wier deen, datt d'Spideeler zu Lëtzebuerg am Géigesaz zum Ausland, finanziell net ausgerëscht wieren, fir Leit anzestellen fir Recherche ze maachen, seet den Dr Guy Berchem, Kriibsdokter, Fuerscher a President vum Nationale Kriibsinstitut.

Dobäi wier d'Kombinatioun vun der Aarbecht mam Patient an der Recherche wichteg fir d'Qualitéit vun der Medezin ze verbesseren. "An déi Qualitéit gëtt nëmme besser, wann ee kann Etudes cliniques unzéien, wann ee kann nei a revolutionär Technike proposéieren. An dat geet net an der Routine. Dat geet nëmmen am Kader vu Fuerschung an déi Fuerschung muss natierlech bezuelt ginn."

Iwwer e Finanzement vun der Fondation Cancer konnt den Dr Rinaldetti beispillsweis an den USA un der Entwécklung vun engem personaliséierte Kriibsmedikament schaffen, dat geziilt Kriibszellen ofdéit.