Der Ministesch wier bewosst, wéi eng Skandaler déi Firma a Frankräich hätt, an awer dierfte si zu Lëtzebuerg en Altersheem opmaachen, esou d'Kritik.

Kee gutt Hoer loossen déi Lénk un der Familljeministesch Corinne Cahen, nodeems si der franséischer Firma Orpea e provisoreschen Agrément fir en Alters- a Fleegeheem zu Märel ginn huet.

Orpea dierft elo mam 3. Alter Profit maachen, heescht et an engem Communiqué en Donneschdeg. Dat wier "skandaléis", well d'Ministesch iwwert all déi "finanziell, sanitär a gestionnär Skandaler Bescheed wéisst an déi dës Firma verwéckelt wier."

D'Oppositiounspartei schwätzt vu Steierevasioun zu Lëtzebuerg, d'Personal, wat futti geschafft wier, an ale Leit an Orpea-Strukturen a Frankräich, déi auserhéngert gewiescht wieren. D'Corinne Cahen géif kloer de Wëlle vun der Regierung vermëttelen, fir d'Wuelbefannen an d'Gesondheet vun eelere Leit esou private Firmen auszeliwweren a sech wéineg Gedanken iwwert d'Qualitéit ze maachen.

Dat wier en "totale Mépris vis-a-vis vun deene Leit."