
© RTL Archiv
De Premierminister an déi Lëtzebuerger Regierung hätte keng legal Méiglechkeet, fir selwer d’Ausliwwerung vun engem Lëtzebuergesche Bierger ze verhënneren.
An der Äntwert op eng parlamentaresch Ufro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser präziséiert de Staatsminister, dass d’Lëtzebuerger Regierung net intervenéiert, fir d’Ausliwwerung vum Fränk Schneider an Amerika ze verhënneren. Den Ex-Srel-Mataarbechter war am Abrëll 2021 vun der franséischer Police op Demande vun den amerikanesche Justiz-Autoritéiten am Zesummenhang mat der Affaire "One Coin" interpelléiert ginn.
Hie souz zejoert 7 Méint a Frankräich an Untersuchungshaft an ass zënter hir «assigné à résidence sous bracelet électronique». Viru kuerzem hat d'Cour de Cassation a Frankräich en Arrêt geholl, déi dem Frank Schneider seng Ufro, fir net ausgeliwwert ze ginn, zeréckgewisen huet. Den Ex-Srel-Mataarbechter riskéiert eng laang Prisongsstrof an Amerika.
Him gëtt "Complot en vue de commettre une fraude électronqiue" a "Complot en vue de commettre l’infraction de blanchiment d’argent" virgeheit. De Frank Schneider seet, hie wär onschëlleg.
Hei de Communiqué vum Staatsminister aus der Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:
"De Premierminister an déi Lëtzebuerger Regierung hu keng legal Méiglechkeet, fir selwer d’Ausliwwerung vun engem Lëtzebuergesche Bierger ze verhënneren, dee sech net op Lëtzebuergeschem Territoire befënnt. An dësem Fall ass et déi Franséisch Regierung, déi eng souverän Decisioun hëlt, op déi concernéiert Persoun ausgeliwwert gëtt oder net. Dës Decisioun ka virun den zoustännege Jurisdictiounen an a leschter Instanz virum Conseil d’État, der ieweschter administrativer Jurisdictioun a Frankräich, attackéiert ginn. Dës Jurisdictioune kontrolléieren, ob all d’rechtsstaatlech Garantien an dat entspriechend Ausliwwerungsofkommes respektéiert ginn. D'Lëtzebuerger Regierung stellt dës Prozedur net a Fro a respektéiert de Franséische Rechtsstaat, a wäert deemno net intervenéieren."
D'CSV freet an deem Kontext, datt de Premier d'urgence misst an eng gemeinsam Sitzung vun der Justiz- an der Institutiounekommissioun vun der Chamber convoquéiert ginn, fir iwwert d'Ausliwwerungsdemande vum Frank Schneider un déi amerikanesch Justizautoritéite Ried an Äntwert ze stoen.
Op Twitter freet den CSV-Deputéierte Marc Spautz sech ob d'Regierung eppes ze verstoppen hätt, datt si der Ausliwwerung vun engem fréiere SREL-Mataarbechter ouni Reaktioun géif nokucken.
Dem Laurent Mosar no wier d'Ausliwwerung "absolut net" mam EU-Recht kompatibel.
Dem Frank Schneider säi Bréif un de Premierminister Xavier Bettel
Message vum 21. Oktober:
Här Staatsminister
Ech brauch Är Hëllef an ech muss Iech dat hei schreiwen fir di Hëllef ze froen. Et gëtt vill iwwer mech geschwat am Moment, an der Ëffentlechkeet, ënnert Politiker, an de sozialen a manner sozialen Medien, a staatlechen Servicer an ënner Beamten. De Faite ass dass ech bei dem ganzen net richteg zu Wuert kommen a vill vun deenen Diskussiounen einfach falsch sinn oder falsch interpretéiert ginn.
Meng Positioun ass ganz einfach a wesentlech méi buedemstänneg: De Parquet zu Lëtzebuerg huet versot an net dat gemaach wat hätt kéinte gemaach gin, wat dem europäeschen Recht géif entspriechen a wat Frankräich proposéiert hat. Well dat esou ass brauch ech als Papp vun dréi Kanner, als Mann vu menger Fra, also meng Lëtzebuerger Famill Är Hëllef. Ouni dës ass dat mat der Famill eriwwer.
Ech kann net an Amerika goen aus ganz einfachen Grënn:
1. Ech sinn net schëlleg. Als Affekot verstitt Dir sécher dass den amerikaneschen Rechtssystem mir et net erméiglecht dës Onschold ze beweisen. Ech hunn di 6-8 Milliounen Dollar net fir eng Défence ze finanzéieren di eng kleng Chance hätt ze reusséieren. Dofir bleift fir mech nëmmen d'Optioun vum Plaidé Coupable. Här Staatsminister, ech géif alles fir meng Famill maachen, absolutt alles, ma als Mënsch kann ech mech net fir eppes schëlleg bekennen wou ech keng Schold hunn. Dat geet net. Dat kann net vu mir verlaangt ginn, vu kengem Mënsch.
2. Ech sinn Lëtzebuerger, meng Fra a Kanner sinn Lëtzebuerger, an der Staat ugemellt, ginn an der Staat an d'Schoul an op d'Aarbecht. Éisst Land liwwert seng Staatsbierger net un Drëttstaaten aus, aus genau deenen Grënn di ech grad beschriwwen hunn. Frankräich liwwert seng Leit och net aus. A wéi enger Logik ass et ze akzeptéieren dass duerch e vide juridique Amerika esou einfach dës Prinzippien vu nationaler Souveränitéit kennen ëmgoen mam einfachen waarden dass de Sujet sech op der falscher Séit vun der Grenz befënnt.
3. Ech sinn Ären fréieren Operatiounschef vun Ärem Geheimdéngscht. Sécher kann dat mir kéng Narrenfréiheet ginn. Ma ech war en Deel vun deem souveräänsten wat éisst Land huet an wat d'fundamental Intressen vum Land schützt. Contrairement zum Image post-Srel Affär war dat esou. Ech hunn fir méin Land geschafft an dat gemaach wat zu dem Zäitpunkt néideg war mat all de Geforen a Risiken. Här Staatsminister, stellt Iech den Inverse fir: Méin fréieren Homologe vun der DGSE géif op eng Ausliwwerungsdemande vun Amerika zu Lëtzebuerg an der selwechter Situatioun setzen. Frankräich géif di Persoun ni ausliwweren loossen. Dat wier keng Optioun, onofhängeg vun de Personnagen em déi et géif goen.
D'Gesetz mëscht mech e Liewen laang zum Geheimnisträger, net nëmmen vun Lëtzebuerger Informatiounen ma och vun deenen vun aneren Natiounen a Servicer mat deenen ech geschafft hunn. Als Natioun si mir hei sécher voll a ganz an der Staatsraisong. Dës ass natierlech net vu mir ze definéieren ma nëmmen an exklusiv vun Iech Här Staatsminister.
Méin Dossier ass elo e puer Wochen virun der Signature vum Décré d'Extratition vun Ärer Homologin der Madamm Borne. Vu mengen Sourcen weess ech dass op d'Interventioun vu Lëtzebuerg gewaart gëtt an dass Frankräich d'fundamental national Interessen vun eisem Land hei ganz sécher berécksiichtege géifen wann dat vun Iech géif gefrot ginn. D'Madamm Borne ass absolut net un d'Resultat vun der procédure de justice a mengem Fall gebonnen ma am Géigendeel ass de franséischen Exekutiv souveräne hei ze entscheeden an géif dat och maachen.
Ech well op kee Fall mëssverstane ginn: Ech drécken mech net virun der Justiz. Ech sichen d'Justiz, awer eng an engem ziviliséierten Land mat deenen Reschter déi och deenen schlëmmsten Verbriecher zoustinn. Amerika kann hier Reprochen géint mech iwwer d'Lëtzebuerger Justiz virbréngen. Dofir ginn et och Traitéen.
Mäin Appelle, méin Bieden un Iech Här Staatsminister kennt net nëmmen aus enger desolater Situatioun ma och aus der Iwwerzeegung dass Dir mech verstitt. Ech brauch mäin Land, meng Famill an mir brauchen Iech.
Mat Respekt a léiwen Gréiss
Frank Schneider