Ëmmer nees ginn d'Grenzwäerter vum Radon iwwerschratt, zu Lëtzebuerg besonnesch am Norde vum Land.

De Radon ass een natierleche radioaktive Gas, dee gesondheetlech Problemer, dorënner och Longekriibs, verursaache kann. E Méindeg war den europäeschen Dag vum Radon. An deem Kader gouf drop opmierksam gemaach, dass streng Kontrollen néideg sinn.

Hei am Land gëtt et zanter 2019 een Aktiounsplang, fir d'Konzentratioun vum Gas erofzesetzen. Eng 1.000 Prouwen d'Joer ginn analyséiert.

De Gas, deen ee weder gesäit nach schmaacht, gëllt nom Fëmmen als zweetheefegste Grond fir Longekriibs. Zu Lëtzebuerg stierwen Héichrechnungen no 5 bis 10 Persounen d'Joer duerch en intensive Kontakt. Wéi de Patrick Majerus vum Service Radioprotektioun Lëtzebuerg erkläert, wier dat virun allem am Norden de Fall: "Mir hunn haaptsächlech am Norde vum Land Problemer. Am Schifersteen ass méi Uran dran an en ass extreem porös. Dofir kennt e gutt raus. Am Guttland hutt ee vill Sandsteen, wou ganz wéineg Uran dran ass, also kënnt kee Radon raus. Respektiv hutt der deelweis ganz leemege Buedem, sou datt de Gas guer net aus dem Buedem erauskënnt."

An deene 5 Kantone vum Éislek hunn 20 bis 30 Prozent vun den Haiser eng ze héich Radon-Konzentratioun.

Jiddwer Mënsch ass Radioaktivitéit am Alldag ausgesat. Woubäi dat am dacksten duerch de Kontakt mam Radon passéiert. Wéi de Patrick Majerus erkläert, kéint een ufroen, fir moossen ze loossen, ob engem säin Haus mat Radon belaascht wier: "Déi, déi et wëllen, kënne bei eis en Detekter froen an da kréie se eng Miessung gemaach. A wann de Radon dann iwwert e gewëssene Moosswäert kënnt - déi 300 Becquerel pro Kubikmeter am Haus - da kënnen d'Leit vun eis berode ginn, wéi se dëse Wäert kënnen erofkréien. Fir d'Betriber am Norde vum Land ass et awer esou, datt d'Moossen obligatoresch ass bis 2028."

Allerdéngs hätte bis ewell nëmme ganz wéineg Betriber eng Miessung maache gelooss. De leschte Wanter waren et der zum Beispill nëmmen eng Dosen. "Et waren der do och dobäi, déi relativ grouss sinn, wou direkt e puer Miessunge gemaach goufen. Bei zwee Betriber goufen et lokal bei zwee Büroe méi héich Wäerter. Do goufen elo iwwert dëse Summer Aarbechte gemaach."

D'Upassungen, fir de Problem ze léisen, wiere generell relativ bëlleg, esou de Service vun der Radioprotektioun. Neibauten hunn iwwerdeems manner Problemer, esou eng Lëtzebuerger Etüd. "Well se eeben no ënne besser ofgedicht sinn. Hei gëtt en "Door-Blow-Test" gemaach. Dann hu se nach d'VMC déi d'Loftzirkulatioun garantéiert a frësch Loft erabréngt."

Zanter 2018 existéiert a Frankräich iwweregens d'Obligatioun, bei der Vente oder dem Verloune vun engem Logement de Keefer iwwert de Risk vun enger Radon Expositioun ze informéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et déi Obligatioun net.