Dat neit Loyersgesetz soll e méi transparente Kader fir de Locatiounsmaart bidden an d'Exzesser no ënnen, wéi no uewe reguléieren.

Dat sot de Logementsminister bei eis am Interview. Vu ville Säite koumen Umierkungen oder Kritikpunkten, notamment zu den neie Koeffizienter. Dës gi benotzt fir dat investéiert Kapital, dat ee viru Jore fir de Kaf vun engem Logement ausginn huet, finanziell unzepassen. Dorop gëtt dann de maximale Loyer, deen ee froe kann, berechent. Mee wéi genee goufen dës Koeffizienter ausgeschafft? D'Monica Camposeo huet nogefrot.

Nei Koeffizienter fir Loyersgesetz / Rep. Monica Camposeo

Ausgeschafft goufen déi nei Koeffizienter vum LISER. Als Fuerschungsinstitut mécht de LISER Berechnungen a Recherchen, ma et hätt ee keng politesch Muecht, betount de Julien Licheron, Team Leader vum Observatoire de l'Habitat.

"De Logementsministère huet eis eng technesch Missioun ginn, nämlech déi, d'Evolutiounen um Immobiliemarché vun de leschte 50 Joer ze benotzen, fir se a Koeffizienter ze transforméieren. Fir domadder dat investéiert Kapital ze reevaluéieren. Dat mat zwee Ziler, nämlech mat de Koeffizienter dat investéiert Kapital méi no un d'Evolutioune vum Marché ze bréngen. Mee gläichzäiteg sollten an engem zweete Schrëtt d'Exzesser vum Marché verhënnert ginn."

Gréisser Schwankunge vun de Logementspräisser an der Vergaangenheet sollten net an de Koeffizienter erëmzefanne sinn.

"Am Laf vun der Zäit gouf et Periode mat enger signifikanter Baisse bei de Präisser, zum Beispill ëm 1970. Fir ze verhënneren, dass et bei de Koeffizienter ze vill hin an hier spréngt, wat schwéier z'interpretéiere wier, an och fir d'Proprietäre schwéier ze geréiere wier, hu mir e Plaffong gemaach."

De LISER hätt verschidde Variante virgeluecht, d'Entscheedung wier da beim Logementsministère gewiescht. Well déi nei Koeffizienter sech nom aktuelle Marché riichten, misste se och reegelméisseg aktualiséiert ginn. De Julien Licheron vum Observatoire de l'Habitat vum LISER:

"D'Zil ass et all Joers eng Upassung ze maachen, wat immens einfach wäert sinn. Dofir brauch een nämlech just den Taux vun der Hausse vun den Immobiliëpräisser vum Joer, dat grad laanscht ass. Mat awer eventuell engem Plaffong, fir déi reell Hausse ze determinéieren, fir d'Exzesser nees ze verhënneren. Dat ass also ganz einfach a séier."

Et misst een dofir awer d'Statistike vum jeeweilege Joer ofwaarden, déi am Abrëll vum Joer drop an der Reegel do wieren, fir d'Entwécklung op d'Koeffizienter kënnen z'applizéieren.

Dass mat der neier Recheprozedur Logementer, déi laang hier kaf goufen, méi héich reevaluéiert ginn, wier normal, esou nach de Julien Licheron. Well eben eng Upassung un den aktuelle Marchéspräis virgeholl gëtt.

Dee ganze Faktencheck vum neie Loyersgesetz mat konkrete Rechebeispiller fannt Dir hei.