Vun de 623 Demanden, déi dëst Joer bis ewell fir e Subsid gemaach goufen, ass carrement nach keng traitéiert ginn.

Datt een nawell vill Gedold muss hunn, fir déi staatlech Bäihëllefe fir eng Photovoltaikanlag ausbezuelt ze kréien, dat weist och d'Äntwert vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Vun de 623 Demanden dëst Joer gouf nach keng traitéiert.

Alles an allem wiere 797 vun 2.970 Demanden nach net ofgeschloss, déi zanter dem 1. Januar 2017 beim Ministère erakomm sinn. Ouni an den Detail ze goen, firwat dat sou ass. Concernéiert sinn hei wéi gesot alleguerten d'Ufroen op eng Primm, déi dëst Joer eragereecht goufen. Nëmmen 159 Demandë waren net komplett.

Den Ëmweltministère schreift och, et géif an der Moyenne 182 Deeg daueren, bis ee säi Subsid fir eng Photovoltaikanlag kritt. Dee längsten Delai wieren 1.228 Deeg gewiescht, do wieren d'Informatiounen allerdéngs net komplett gewiescht.

Den Ament géif et och méi laang daueren, bis d'Suen ausbezuelt sinn, well sou vill Leit Photovoltaik-Anlage bei sech installéieren. Et wier och schwéier, qualifizéiert Personal ze fannen, fir den Dossier ze traitéieren.