3D-Scanneren aus Lëtzebuerg sollen an der Ukrain Krichsverbrieche festhalen
Lëtzebuerg huet 30 3D-Scanneren an d'Ukrain geschéckt. Dës sollen hëllefen, fir Krichsverbriechen opzeklären.
Et gëtt kaum eng Regioun, déi d'ukrainescht Militär vun de Russen zeréckeruewert, wou net grausam Dote festgehale musse ginn. Der Plattform "Prosecute Russian War Crimes" no goufe schonn iwwer 39.000 Verstéiss géint d'Genfer Konventioun gemellt.
D'ukrainesch Justiz enquêtéiert. Eng komplex Aarbecht, déi elo méi effikass gemaach ka ginn. Dank der Hëllef aus Lëtzebuerg.
Vu Boutcha, iwwer Irpin, bis Izyum - Do goufen un 99 Prozent vun den iwwer 400 Läichen, déi ausgegruewe goufen, Spuere vu Gewalt festgehalen, sou d'ukrainesch Autoritéiten.
Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, kënnt zur Konklusioun: "D'Rapporte sinn e Katalog vu Grausamkeeten, Hiriichtungen, sexueller Gewalt, Folter an aneren onmënschlechen an degradante Behandlunge géintiwwer Zivilisten a Krichsgefaangen. Déi lescht Rapporte vum Kierfecht zu Izyum sinn extrem beonrouegend. All dës Kloe musse grëndlech ënnersicht ginn, fir déi Verantwortlech zur Rechenschaft ze zéien."
Eng laangwiereg Aarbecht, wou meeschtens déi éischt Stonnen entscheedend sinn. Deen Ament, wou d'Beweiser gesammelt ginn. Hei kënnen elo mobil 3D-Scanneren agesat ginn, déi zu Lëtzebuerg vun Artec 3D produzéiert gi sinn. Bannent nëmme Minutte kann zum Beispill e ganzt Massegraf gescannt ginn.
"Grouss Deeler vun onsem Land sinn duerch Truppen aus der Russescher Federatioun besat. Nodeems mer déi Territoiren zeréckeruewert hunn, sichen ukrainesch Zaldoten all Kéier no Griewer. Ouni eppes unzepaken, wäert et elo mat de Scannere méiglech sinn, Spueren ze sécheren. Fir Beweiser ze sammelen, en vue vu Geriichtsprozesser", sou d'Nataliia Nestor, Sous-directrice vum Fuerschungsinstitut fir Forensesch Wëssenschaft zu Kiew.
Dës Woch goufen a Presenz vun ukraineschen Autoritéiten 30 där Scannere vum Härebierg aus an déi vum Krich betraffe Regioune geschéckt.
De Verdeedegungsminister François Bausch erkläert weider: "Et ass net just e Scanner. Hannen drun ass och eng Software, wou eng grouss Fläch ka gescannt gi mat allen Objeten, déi do leien. Dat kann da verschafft ginn um Computer. Dat ass extrem wichteg, fir datt d'Krichsverbriechen opgedeckt ginn. Dat ass e Projet, dee kascht eis 1,3 Milliounen Euro. Ma ech mengen dat ass et derwäert. Dat hëlleft wierklech den Ukrainer ganz vill."
Zanter dem Ufank vum Krich huet Lëtzebuerg Material, dorënner och Waffen am Wäert vu 74 Milliounen Euro un d'Ukrain geliwwert. Wann et noutwendeg ass, wäerte mer och am neie Budgetsjoer weider hëllefen, sou de Minister.
"Et ass eng kruzial Phas an dofir ass et esou wichteg, datt mer dat Vollek ënnerstëtzen. Si maachen am Fong och de Match fir de Rescht vun Europa."
Zu Kiew ass een Dankbar fir déi enorm Hëllef, déi zanter elo praktesch 9 Méint aus Lëtzebuerg kënnt. Weider Hëllefstransporter sti prett. Weider Militäresch Ënnerstëtzung ass nach bis Enn vum Joer geplangt.
D'Natalia Anoshyna, Chargé d’affaires vun der ukrainescher Ambassade seet Lëtzebuerg Merci: "Dës 3D-Scannere sinn extrem wichteg, fir all d'Beweiser am Zesummenhang mat all de grujelegen Doten ze sammelen, fir déi d'Russen an der Ukrain responsabel sinn. Thank you so much for the scanners."