Den Direkter vun der Inspection du Travail et des Mines, deen zanter 7 Joer un der Spëtzt steet, kuckt positiv, ma grad esou kritesch an d'Zukunft.

Besser forméiert Inspekteren, besser Méiglechkeeten an der Informatik, eng besser Kommunikatioun – dat ass no 7 Joer de Bilan vum ITM-Direkter Marco Boly. De Mann un der Spëtzt vun der ITM hëlt seelen e Blat viru de Mond: villes hätt, och mam Wëlle vun der Politik, kënne verbessert ginn, mee wéinst der Spezifizitéit vum Lëtzebuerger Aarbechtsmaart stéingen nach eng Rei Changementer un.  2015 koum de Marco Boly un d'Spëtzt vun der ITM, villes stoung op der Lëscht vun den néidege Verbesserungen, erkläert hien haut. Dat war engersäits de Fall fir den Terrain, an "Terrain" steet hei fir Chantier, fir den Drock, deen um Bau läit, wéinst dem Manktem u Logement. Fro: Huelen d'Aarbechtsaccidenter deemno zou? Neen, sou déi spontan Äntwert, an déi hänkt dem ITM-Direkter no vun der Aart a Weis of, wéi een zielt.

Verschidde Rechnungsmodeller

Déi Leit, déi iwwert d'Gesetz vum Detachement hei schaffen, ginn net mat gezielt, sou de Marco Boly, an dat obschonns hir Presenz um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart zouhëlt. Hëlt d'Zuel vun den Aarbechtsaccidenter also wierklech of?

Mir léichen ëmmer nach bei enger Moyenne vun 18 an 21 Doudeger d'Joer, dat wier relativ vill – d'Aarbechtsaccidenter am Secteur privé a publique chiffréiert d'Assurance accident – iwwregens kéimen d'Statistike vun hei a just vun hei -  op 28.000, dovun eleng 19.000 Accidenter um Aarbechtsfeld.

D'Zuel vun de graven Accidenter géing am Endeffekt erop. Hei misst awer Secteur-spezifesch gekuckt ginn.

Drock um Wunnengsmaart mécht Drock op de Bausecteur

Kloer awer dat hei: ganz vill Aarbechter géifen op de Chantieren eroffalen, eng Konsequenz vun deene massiven Infrastrukturaarbechten an a ronderëm d'Stad. Deemno héich dann och d'Zuel vun den déidlechen Accidenter. Genee do wiere si sollicitéiert, seet den Direkter vun der ITM, duerch e Méi u Kontrollen a Regulariséierung.

5.000 Accidenter d'Joer bei 52.000 Aarbechter um Bau.

Och Europa baut massiv zu Lëtzebuerg. Mee op europäesche Chantieren hei am Land huet d'Lëtzebuerger Autoritéit keng Autoritéit an näischt ze sichen. Stéchwuert: Extraterritorial. Mat engem ganz uergen Aarbechtsaccident de leschte Mount.

Extra Reegele fir Europa an de Staat

Extraterritorial – op europäesche Chantieren hei am Land – grad ewéi um Terrain vun den Ambassadë gëllt d'Lëtzebuerger Aarbechtsrecht net. An och de Staat selwer huet eege Reegelen. Sécurité dans la fonction publique nennt sech dat an d'Gebaier vum Staat ënnerstinn där Verwaltung an net der ITM.

Do géifen alt emol aner Reegelen applizéiert, ewéi déi, déi bei der ITM gëllen.

Europa an eise Staat mat eegene Reegelen. Zwee Punkten déi d'Politik misst a soll am Aen behalen. Den ITM-Chef villäicht och a wann et dem aktuellen Direkter nogeet, heescht deen och déi nächst Zäit: Marco Boly.

Extrait Marco Boly
Fir wéi eng Dossieren ass d’ITM zoustänneg? Am Joer kréiche si eng 260.000 Demanden, eng Zuel, déi stänneg eropgéing.
Extrait Marco Boly
Net just d’ITM eleng wier fir d'Preventioun responsabel. Aarbechtsaccidenter missten Hand an Hand verhënnert ginn, sou de Marco Boly.
Extrait Marco Boly
Sécherheet a Gesondheet wieren an der EU ewell harmoniséiert an d'Kommissioun wier amgaangen, dat ganzt manner komplizéiert ofzewéckelen.