Feeler an der Tabell, gëtt de Logementsministère zou

Proprietären opgepasst: Hat dir scho gerechent? D’Tabell um Site vum Logementsministère gouf elo ugepasst.
De Logementsministère deelt mat :
!!! Suite à une erreur dans la formule déterminant la décote à prendre en compte, la fiche de calcul a été actualisée en date du 21/11/2022. Les calculs effectués à l’aide de la calculatrice avant le 21/11/2022 ont abouti à une décote surestimée pour les biens dont l’acquisition a eu lieu entre 2 et 15 ans après l’année de construction du logement en question
No der Pressekonferenz vum 06.10.2022, op där den Henri Kox d’Reform vum "Bail à loyer" annoncéiert huet, gouf eng Excel-Tabell um Site logement.lu eropgelueden, op där ee gesäit, wéi de Loyer mat engem Präisdeckel vun 3,5%, respektiv 3%, gerechent gëtt. An där Tabell gouf e Feeler festgestallt. E Méindeg ass eng nei Tabell eropgeluede ginn.
D’Reform vum Bail à loyer gesäit vir, dass an Zukunft all Proprietär muss iwwerpréiwen ob de Loyer, deen e wëll froen, ënnert dem Plaffong vun 3% respektiv 3,5% vum capital investi läit. D’EXCEL Tabell stellt de Ministär de Leit als Illustratioun zur Verfügung.
Nach ass et e Projet de loi. Gëtt dës Reform gestëmmt, wäert den Tableau mat den Emrechnungsparameter eng Annexe vum Gesetz ginn. D’EXCEL-Tabell selwer ass keen Deel vum Gesetzesprojet.