176 lëtzebuergesch Bauerebetriber si Member vun der europäescher Molkereisgenossenschaft ARLA, fréier ënnert dem Numm MUH bekannt.

ARLA Emissiounsfräi Mëllechproduktioun / Rep. Marc Hoscheid

Ronn 45 Prozent vun der Lëtzebuerger Mëllech gi vun dëse Betriber produzéiert. Bei deem Prozess entsteet och CO2, deen dann an d'Atmosphär geet. Ma dat soll sech änneren, bis 2050 wëllt ee bei der ARLA CO2-neutral sinn. Dobäi hëllefen, soll dee sougenannte Klima-Check-System.

Dobäi handelt et sech ëm ee System, bei deem ee bis zu 80 Punkten a 6 Modulle sammele kann. Vum 1. Juli d'nächst Joer u wäert de Präis, deen ee Bauer fir e Liter Mëllech vun der ARLA kritt, dovun ofhänken, wéi vill Punkten en huet. Sou soll en Ureiz fir eng méi nohalteg Landwirtschaft geschaaft ginn. Ee Punkt méi oder manner mécht een Ënnerscheed vun 0,03 Cent pro Liter Mëllech aus. Op Grond vun den Donnéeën, déi een an enger Testphas gesammelt huet, geet ee bei der ARLA dovun aus, datt den Ënnerscheed tëscht deene schlechtsten a beschte Betriber bei bis zu engem Cent leie wäert. Ma ëm d'Suen eleng geet et de Betriber, déi beim Klima-Check matmaachen net, wéi de Claude Thein, Bauer vu Giewel, erkläert.

"Fir mech ass et och ëmmer eng Erausfuerderung ze wëssen, wou ech mat mengem Betrib stinn. Mat mengem alldeegleche Schaffe mat menge Béischten, mat deenen ech Mëllech produzéieren. Ok, déi finanziell Sprëtz, déi ee kritt, dréit schonn derzou bäi, datt ee méi motivéiert ass. Op der anerer Säit soen ech, déi Erausfuerderung, de Betrib nach besser fir d'Zukunft opzestellen, dat ass fir mech een Challenge."

D'Annonce, op méi eng nohalteg Aart a Weis Mëllech produzéieren ze wëllen, fält just an eng Zäit, an där zu Lëtzebuerg iwwer eng méiglech Deckelung vum Véibestand diskutéiert gëtt. Dem Alain Schaack no, ee vun zwee Lëtzebuerger an der Vertriederversammlung vun der ARLA, missten Nohaltegkeet a Produktivitéit zesumme geduecht ginn.

"D'Landwirtschaft huet als Haaptzil, d'Liewensmëttelproduktioun sécherzestellen. Mir hunn eng Weltbevëlkerung, déi bei aacht Milliarden ass an déi wäert an den nächsten 30 Joer nach op zéng Milliarde Mënsche wuessen. Dat heescht, mir mussen et iergendwéi hikréien, méi Kalorien ze produzéieren, awer, an dat ass, wat mer all Dag spieren, mat Récksiicht op eist Klima. Dofir soe mir, mir ginn dee Wee hei a mir probéieren dee Produit, dee mir maachen, sou nohalteg oder sou klimaeffizient wéi méiglech ze produzéieren."

Et ass de Betriber fräi gestallt, ob se beim Klima-Check matmaachen oder net. An de Joren 2020 an 2021 louch de Participatiounstaux jeeweils bei 94 Prozent.