Et dierft dës Woch zu enger Entrevue tëscht der Lëtzebuerger EU-Politikerin an der Parlamentspresidentin kommen.

RTL Informatiounen no krut d'Madamm Semedo en entspriechende Bréif vun der Roberta Metsola, fir sech an engem Gespréich tëscht véier Aen ze gesinn. D’Fro ass natierlech, wéini sech Zäit heifir an der mouvementéierter Sessiouns-Woch ëm d’Affär Eva Kaili fënnt.

Am Raum stinn, fir déi zweete Kéier, Reprochë vu fréiere Mataarbechter vun der fréierer DP-Deputéiert. Hei geet et ëm moraleschen a psychologeschen Harcèlement, onrealistesch Uspréch a Sabotage vum Privatliewe vun de Mataarbechter.

Well et déi zweete Kéier ass, datt d'Madamm Semedo sech mat deene selwechte Reprochë konfrontéiert gesäit, dierften d'Sanktiounen dann och méi streng ausfalen an iwwert d'Period vu 15 Deeg Suspensioun erausgoen, wärend där Zäit wäerten dann och keng per diems bezuelt ginn.

8 Mataarbechter sollen de Büro vun der Madamm Semedo zanter hirer Wal am Joer 2019 ewell verlooss hunn.

Wann d'Entrevue Metsola-Semedo dann zustane komm ass, wäert d'Presidentin vum Parlament warscheinlech Ufanks vun der éischter Sessioun am Neie Joer d'Sanktiounen annoncéieren, déi de "Comité Consultatif sur le harcèlement" an engem Schreiwes recommandéiert hat.

An engem Schreiwes un d'Press hat d'Politikerin vun der liberaler Renew-Europe-Fraktioun virun zwou Wochen "Diffamatioun" a "Beleidegung" reprochéiert an all Accusatioune vu fréiere Mataarbechter vu sech gewisen. D'Madamm Semedo hat och drop higewisen, datt si d'Recht refuséiert krut, fir en Affekot bei hiren Aussoe bei sech ze hunn.