Sozialminister wäert Tariffer fir Psychotherapie fixéieren
No jorelaangen Diskussiounen an zwou gescheiterte Mediatioune wäert elo de Minister fir d'Securité sociale en Tarif fir d'Psychotherapie festleeën.
Dat huet de Claude Haagen e Mëttwoch confirméiert. Bei der Associatioun vun de Psychotherapeuten, der Fapsylux, ass een zwar net iwwerzeegt, dass dës Prozedur esou richteg ass, ma et hofft een elo, dass de Minister net nëmmen der CNS nolauschtert fir den Tarif ze fixéieren.
Der Fapsylux no wier eng Psychotherapie pro Sëtzung op d'mannst 175 Euro wäert. Bei der CNS géif een allerdéngs fäerten, dass mat esou engem héijen Tarif ze vill Psychotherapeuten aus dem Ausland géifen ugezu ginn, erkläert d'Presidentin vun der Fapsylux Catherine Richard. "Dunn hu mir proposéiert, ok mä dann deckelt d'Unzuel vun de Psychotherapeuten, déi hei däerfe schaffen. Dat geet net. Dann deckelt d'Unzuel vun de Seancen. Si menge jo mir géife véierzeg, fofzeg Patienten an der Woch gesinn. Fir hinnen och déi Angscht e bëssen ze huelen. A mir hu gesot, ok mir wären à la limite d'accord fir den Tarif ze akzeptéieren, deen den Office national de l'enfance un eng Psychotherapie bezilt an enger Institutioun. Dat wieren 154 Euro."
D'CNS dogéint hätt hir Offer nëmme vun 120 op 127 Euro verbessert. An och d'Argument vun der ze grousser Attraktivitéit fir auslännesch Therapeuten, léisst d'Catherine Richard net gëllen. Ëmmerhi géif et aktuell bei Wäitem net genuch Psychotherapeuten hei ginn. "Aktuell ass d'Demande vill méi grouss wéi d'Offer, also d'Waardezäite sinn extreem laang. Esouguer hei an eisem Cabinet, wat jo net konventionéiert ass, net rembourséiert ass. Mir hu wierklech vill Leit, déi ufroen. An et wier gutt fir d'mental Gesondheet vum Land, wann et méi liberal Psychotherapeute géife ginn."
Nom 2. Echec vun den Negociatioune wäert dann elo de Sozialminister Claude Haagen eng Decisioun an der Tarif-Fro huelen. Hie géif sech de Rapport vun der Mediatioun ukucken, genee wéi Propose vu béide Säiten an dann en Tarif fixéieren. "No deenen Negociatiounen, déi elo gefouert gi sinn, erlaben ech mir awer ze soen, et geet elo duer. Mir mussen elo och eng Decisioun huelen. An eng Decisioun wäert ech spéitstens bis e Freideg huelen iwwert e Reglement."
Deementspriechend wëll de Minister nach am Laf vun dëser Woch en Avant-projet vun engem entspriechende Règlement grand-ducal am Regierungsrot areechen.
Aner Punkten, déi net final an der Mediatioun gekläert goufen, missten déi zwou Parteien awer nach ënnertenee klären, esou nach de Minister.
PDF: De Communiqué vun der Fapsylux
De Communiqué aus dem Ministère:
« Et geet elo duer » : Claude Haagen déterminera la valeur de la lettre-clé des actes de psychothérapie
Communiqué par : ministère de la Sécurité socialeSuite au constat de l'échec des négociations entre la Caisse nationale de santé (CNS) et la Fédération des associations représentant des psychothérapeutes au Grand-Duché de Luxembourg (FAPSYLUX) par le conseil d'administration de la CNS en date du 14 septembre 2022, le ministre de la Sécurité sociale, Claude Haagen, avait désigné le 24 septembre 2022 un médiateur afin de déclencher la procédure de médiation.
Le médiateur a remis au ministre le procès-verbal de non-conciliation relatif à la procédure de médiation, actant ainsi sa fin.
« Et geet elo duer » réagit le ministre. En conséquence, Claude Haagen prend ses responsabilités et soumettra au Conseil de gouvernement, d'ici la fin de la semaine, un avant-projet de règlement grand-ducal qui fixera par voie réglementaire la tarification des actes de psychothérapie. Ceci permettra de parvenir à courte échéance à une prise en charge des actes de psychothérapie par l'assurance maladie.