Zënter 2009 gëtt et LCSB vun der Universitéit Lëtzebuerg mat haitegem Sëtz um Belval.

An dësem interdisziplinären Zenter vun der Uni Lëtzebuerg schaffe mëttlerweil eng 270 Leit an 18 Fuerschungsgruppen. Dat virun allem um Gebitt vun neurodegenerativen Erkrankungen, déi an éischter Linn d'Nervenzellen am mënschleche Gehier betreffen.

Wéi d'Françoise Meisch, Strategieberoderin vum LCSB erkläert, géif de Fokus vun de Fuerschunge virun allem um Parkinson an um Alzheimer leien.
MiniAlz nennt sech en neie Projet hei am Fuerschungszenter. Den Direkter vum LCSB, de Professer Michael Heneka krut heifir den "FNR Pearl Chair". Deemno gëtt de Projet iwwer 5 Joer mat insgesamt 3,9 Milliounen Euro aus dem Fonds National de la recherche ënnerstëtzt. Et geet drëms d'Mechanismen vun der Alzheimer-Krankheet besser ze verstoen. Konkret soll et dobäi dorëms goen, wéi d'Neuronen an e spezifeschen Typ Immunzellen am Gehier bei Alzheimer interagéieren.

D'Alzheimer-Krankheet gëtt majoritär bei Leit iwwer 60 Joer diagnostizéier.t Dobäi entwéckelt se sech scho vill éischter am Kierper, ouni dass een dat selwer mierkt oder et am Spidol ka festgestallt ginn. Deementspriechend ass een am LCSB dann och ganz interesséiert drun Usätz ze entwéckelen, mat deenen ee bei Alzheimer an aneren neurodegenerative Krankheete ka virum Ausbroch vun der Krankheet intervenéieren.

Zu Lëtzebuerg liewen ëm di 8.000 Leit mat enger Demenz. Dorënner schätzungsweis 60-70%, déi Alzheimer hunn. Zu de Symptomer déi bei sou dementkranke Leit optrieden, gehéiere Vergiesslechkeet, Orientéierungslosegkeet, de Verloscht vum Zäitgefill oder och Sproochstéierungen.

Den Direkter vum LCSB Michael Haneke am RTL-Interview: