Opgepasst virun Annoncë vun onseriéisen Entreprisen, déi Teppecher verkafen
Viru Kuerzem gouf et e Fall, bei deem eng Persoun sech op eng Offer vun enger Teppechfirma an enger Zeitung agelooss huet a vun der Entreprise bedru gouf.
D'Police mellt, datt d'Entreprise Reklamm an enger Lëtzebuerger Dageszeitung fir d'Botze vun Teppecher fir e gënschtege Präis gemaach hat. Doropshin hat d'Affer een Teppech, fir ze botzen, bei der Firma ofginn, krut dësen awer ni zréck. Donieft goufen der Persoun Perserteppecher zu Wucherpräisser verkaaft.
An deem Kontext warnt d'Police virun onseriéisen Entreprisen a falsche Verkeef, besonnesch un eeler Leit, bei deenen de finanzielle Verloscht dacks erhieflech si kann. Et gëtt geroden, d'Entreprisë genee z'iwwerpréiwen a sech net ënner Drock setzen ze loossen. Och d'Detailer vum Kontrakt an d'Präisser solle kontrolléiert ginn, éier een de Vertrag unhëlt. Iwwerdeems mécht d'Police dorop opmierksam, datt et och Entreprisë kënne sinn, déi zu Lëtzebuerg registréiert sinn.
Weider Informatiounen zu Bedruchsversich fannt Dir um Site vun der Police.