Fir d'Gemengen am Mëllerdall ass d'Stoppe vun de Subside säitens der Chambre de Commerce dogéint schwiereg nozevollzéien.

Et ass nawell e waarmt Eisen. Am Mëllerdall géife se gären eng Tax fir Touristen aféieren, fir den Tourismus nohalteg kënnen ze finanzéieren. Oppositioun gëtt et notamment vun der Chambre de Commerce. Déi huet hire Subside an der Héicht vu 25.000 Euro d'Joer un den ORT Mëllerdall gestoppt, wéi déi Diskussiounen ugefaangen hunn.

Fir d'Gemengen am Mëllerdall ass dat schwiereg nozevollzéien. Dat seet zum Beispill de Joé Nilles, de Buergermeeschter vu Bäerdref: "Ech kann dat absolut net verstoen, well all Hotelier oder all Tourist an all Mënsch misst frou sinn. Wat mer méi Suen hunn an der Regioun, fir an den Tourismus ze stiechen, wat mer méi séier virukommen an eis méi séier kënne moderniséieren, fir mam Ausland matzehalen."

Am Mëllerdall freeë se sech iwwert de Succès, dee se den Ament bei den Touristen hunn. Dëst Joer gouf et eng hallef Millioun Visiteuren. 160.000 hunn de Mëllerdall Trail gemaach, mä, seet de Buergermeeschter vu Bäerdref, vill Touristen sinn och mat Onkäschte verbonnen, wéi d'Decheten, déi duerch d'Touristen eropginn.

Een Euro pro Dag wollt ee jiddwer erwuessenem Tourist froen. Eng Tax, déi och an den Aen vum Christophe Origer, dem President vum ORT Mëllerdall, déi Léisung ass an iwweregens keng, déi an der klenger Lëtzebuerger Schwäiz erfonnt gi wier. "An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng, an der Gemeng Réiser, sou wäit ech weess an der Gemeng Veianen. Et gi Gemengen, déi schonn op dee Wee gaange sinn, ganz einfach, well et wichteg ass, datt ee kuckt, wéi een dat finanzéiert."

Dat gëtt am Ausland och gemaach. An engen 160 Länner gëtt et ënnert där enger oder anerer Form eng Tourismus-Tax. Des Recettë géifen dem Gemengebudget gutt doen, esou heescht et vum Buergermeeschter vu Bäerdref. Mat dësem Geld kéinten nämlech Infrastrukture wéi Stellplazen oder Poubelle finanzéiert ginn. Mä fir den Alain Rix, deen net just President vun der Horesca, mä och Vize-President vun der Chambre de Commerce ass, ass dat keng Optioun.

"Dat war voll an der Pandemie, wéi se mat där Iddi komm sinn. Mir hunn es bis uewenhinner gehat a wa mer haut nach driwwer schwätzen, fannen ech et och net richteg, datt se elo wëlles hunn, dat doten erëm eng Kéier op den Tapis ze bréngen, well mir sinn nach ëmmer an enger Kris. Mir hunn eng Präisdeierecht, mir kommen net méi eraus a wëllen déi Hären, erëm den Hebergement, vun deene profitéieren. Firwat?"

Den Alain Rix stellt sech d'Fro, ob esou eng Taxe kee politescht Manöver en Vue vun de Gemengewalen ass.

Tourismus-Tax am Mëllerdall / Reportage Dany Rasqué