D'Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2021!
De Verdikt vun den RTL.lu-User ass kloer: Honoréiert gëtt och dëst Pandemie-Joer d'Personal vum Gesondheet- a vum Fleegesecteur!
Nees een aussergewéinlecht Joer mat engem genee sou aussergewéinleche Resultat: D'Lieser vun RTL.lu hu fir déi 2. Kéier hannerenee mat groussem Virsprong fir d'Leit un der "éischter Front" gewielt. Dat esou gutt an der Kategorie "Lëtzebuergerin vum Joer" wéi beim "Lëtzebuerger vum Joer".
Deemno a stellvertriedend fir all déi couragéiert Lëtzebuerger aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur kritt den Anästhesist Dr. Marco Klop fir seng Initiativ #Yeswecare dës Auszeechnung. Et geet drëms, drop opmierksam ze maachen, wéi de Covid d'Aarbecht an de Klinicke beaflosst.

A stellvertriedend fir all déi couragéiert Lëtzebuergerinnen aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur kritt d'Presidentin vun der Beruffsassociatioun Anil vun den Infirmièren an Infirmieren, d'Anne-Marie Hanff, symbolesch dës Auszeechnung.

Bal 7.000 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt an hir Perséinlechkeete vum vergaangene Joer gewielt.
RTL seet hinne Merci.
Gläichzäiteg soe mir och allen Utilisateure Merci, déi entweder e Kandidat proposéiert hunn an/oder duerno fir deen oder dat Anert ofgestëmmt hunn.
Wien ass an den Top 5 vum Joer 2021?
Top 5 vun den Dammen
1 D'Dammen aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur: 38.694
2 Liv Jeitz-Wampach: 30.420
3 Lynn Risch: 29.672
4 Jonker a Kanner: 28.760
5 Ni Xia Lian: 24.935
Top 5 vun den Hären
1 D'Männer aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur: 36.686
2 Jeff Herr: 31.355
3 Alain Biver: 30.131
4 Kanner a Jonker: 28.735
5 Fausti: 27.715
Wéi konnt ee matmaachen?
6.968 Leit hu bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer matgemaach, domat bleift d'Ofstëmmung populär, och wa si net no statistesch-wëssenschaftleche Krittären duerchgefouert gouf an héchstens representativ fir d'Utilisateure vun RTL.lu ass.
Wie krut bis elo den Titel "Lëtzebuergerin" a "Lëtzebuerger vum Joer"?
2020: D'Leit aus dem Gesondheets- an dem Fleegesecteur
2019: Jenny Warling (Karate) a Remy Eiffes (Zaldot)
2018: Gwen Daufeld (Aarbecht mat Demenzkranken) a Jeff Herr (Wonschkutsch)
2017: Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d'Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)
Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht.
Hei geet et bei d'Artikelen aus dem leschten Joerzéngt
RTL NEWS: D'Leit aus dem Gesondheets- an aus dem Fleegesecteur sinn Är Lëtzebuerger 2020!
https://www.rtl.lu/news/national/a/1637538.html
RTL NEWS: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger 2019: D'Jenny Warling an de Remy Eiffes goufe vun iech gewielt
https://www.rtl.lu/news/national/a/1449864.html
RTL-News: Lëtzebuergerin a Lëtzebuerger vum Joer 2018: Gwen Daufeld a Jeff Herr gewielt an ausgezeechent
https://www.rtl.lu/news/national/a/1285691.html
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2017: Martine Kohl vun de Street Angels a Polizist André Bichel
/news/national/1112774.html
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2016: ALS-Patientin Nathalie Scheer a Polizist Marcel Steffen
/news/national//990806.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2015: Polizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn
/news/national//749533.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
/lifestyle/people//595450.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer
/lifestyle/people/498429.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer - Eliane Leger a Romain Hilbes
/news/national/371125.html
RTL-NEWS: Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"
/news/national/177199.html
RTL-NEWS: De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
/news/national/90553.html
RTL-NEWS: RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
/news/national/54111.html
RTL-NEWS: RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008
/news/national/3758.html
- - - - -
Klengen Appell un eis Commentateuren:
Dat Neit Joer ass jo nach ganz frësch, dofir sech net direkt ewell bei der éischter Nouvelle 2022 d'Käpp aschloen, ma w.e.g. mat e bësse Respekt a Sensibilitéit op de Vott reagéieren - och wann ee vläicht aus iergendengem Grond selwer enttäuscht ass ... Natierlech dierf een eppes gutt oder schlecht fannen, ma d'User hu proposéiert an decidéiert, jidderee konnt do matmaachen ... Merci fir Är Kooperatioun an Är Contributioun, datt den Debat friddlech bleift.
An: ALL GUDDES FIR 2022 :-)