Am Ganzen 337 Appeller beim 112, bei der Police waren et der 115

© RTL Archivbild
De CGDIS mellt fir e Samschdeg den Owend an an der Nuecht eng ganz Rëtsch Asätz.
Een Accident gouf et e Samschdeg géint 17.30 Auer, wéi op der B7 vun Ettelbréck a Richtung Angelduerf en Auto op der Kopp gaangen ass. Zwee Leit goufe blesséiert.
Am Ganze siwe Mol hunn d‘Pompjeeën da missen ausrécken well Dampmelder lassgaange sinn oder Offäll, respektiv eng Heck oder et op engem Feld gebrannt hat. A sämtleche Fäll blouf et beim Materialschued a kengem ass eppes geschitt.
99 Mol war de Samu am Asaz, dovun eng Kéier wuel wéinst Freedefeier.
Och d'Police huet missen ausrécken
Wéi d'Police an hirem Bulletin matdeelt, waren och si tëscht 20 a 6 Auer e puer Mol am Asaz. Landeswäit goufe si ongeféier 70 Mol geruff wéinst ze vill Kaméidi an a 45 Fäll koum et zu Streidereien, Handgräiflechkeeten oder Meenungsverschiddenheeten. De Gros vun dëse Virfäll konnte gereegelt an d'Gemidder berouegt ginn.