Dat äntwert de Premier Conseiller am Educatiounsministère am RTL-Interview op d'Aussoe vum President vun der Elterevertriedung.

Duerch d'Offer vun den europäesche Schoulen hätt ee gemierkt, dass sech effektiv vill Elteren a Schüler dofir interesséieren an dat eng reell Chance fir Kanner ka sinn, déi doheem net Lëtzebuergesch als éischt Sprooch schwätzen. Dowéinst gesäit de Lex Folscheid, éischte Regierungsberoder am Educatiounsministère, déi europäesch Schoulen als néidegen Tëscheschrëtt, fir elo mat engem alternative Sproochecours och an den ordinäre Schoule kënne weiderzemaachen.

Den Alain Massen sot en Dënschdeg hei op der Antenn, dass d'Europa- an déi international Schoulen zu enger Zort "Gettoiséierung" géinge bäidroen. International Programmer wäerte weider néideg bleiwen, esou de Lex Folscheid.

Educatiounsministère reagéiert/Reportage Monica Camposeo

Eng alternativ Offer bleift néideg, fir der Sproochendiversitéit hei am Land Rechnung ze droen.

Nom éischte Schrëtt vun den europäeschen an internationale Schoulen ass mam Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch schonn den nächste Schrëtt entaméiert ginn. Dëse Projet huet mat der leschter Rentrée a 4 Klassen hei am Land ugefaangen. De Lex Folscheid, Premier Conseiller aus dem Educatiounsministère, gëtt awer ze bedenken, dass et grad zäitlech bësse schwiereg wier, well een tëscht zwou Legislaturperioden ass. Et wier ee gäre méi séier virukomm, mee d'Pandemie hätt e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. An der nächster Legislaturperiod misst d'Regierung da weisen, wéi séier eng Generaliséierung vun deem Projet soll virgeholl ginn. "Ob een déi Joren nach ofwaart vun der Evaluatioun oder ob ee méi séier op eng Generaliséierung vun deem Projet wäert drängen".

Dass Alternativen an den nationale Programmer mussen ugebuede ginn, doriwwer wier sech den Educatiounsministère mat der Elterevertriedung eens.

Mental Gesondheet gëtt an de Schoulen eescht geholl

Nieft der Sproochefro spillt och d'Wuelbefanne vun de Schülerinnen a Schüler eng wichteg Roll. De Lex Folscheid niéiert net, dass e Besoin do ass. D'Schülerkonferenz CNEL hat an engem rezente Reportage Formatioune fir Proffe gefuerdert. Eng entspriechend Formatioun wier virun zwee Joer scho lancéiert ginn. Et géing dorëm goen, dass d'Schoulpersonal opmierksam ass, wa Schülerinnen a Schüler Unzeeche weisen, dass et hinne psychesch net gutt geet. Da kéinten d'Proffen déi Jonk un déi entspriechend Instanze vun der Schoul weiderleeden, déi dofir do sinn, fir gehollef ze kréien. Dat wier an deene meeschte Fäll de SePAS. De Psycholog an der Schoul kéint dann och eventuell weider vermëttelen un e Psychotherapeut.

Dacks géinge sech déi Jonk awer net trauen, bei déi entspriechend Servicer wéi de SePAS ze goen. Wat dat ugeet, wier een am Educatiounsministère oppen, fir där Fro op de Grond ze goen. De Lex Folscheid kéint sech och virstellen, mat der CNEL zesummenzeschaffen, fir ze kucken, wisou sech déi Jonk net trauen, bei de SePAS ze goen. Dat kéint zum Beispill sinn, well dee Büro um nämmlechte Stack wéi d'Proffekonferenz ass oder nieft dem Büro vum Direkter. Et kéim och vir, dass de SePAS nach aner Missiounen huet, wéi dass een dohinner geschéckt gëtt, wann ee krank ass a sech ofmelle wëll.

Dat géing keng Vertrauensbasis schafen, esou nach de Lex Folscheid. Et wier wichteg, dass d'Schülerinnen a Schüler wëssen, dass si sech vertraulech un de SePAS kënne wenden an dass dat, wat si soen, net de Proffen oder der Direktioun weidergesot gëtt.