An de leschte Woche gouf et deels massiv Kritik um Henri Kox wéinst deem neie Loyersgesetz. Dat wëllt een am Logementsministère awer net esou stoe loossen.

De Logementsministère reagéiert op Nofro hin op d’Kritik – och vu Regierungsparteien - un der Reform vum Loyersgesetz. Déi eng kritiséiere jo, datt wann d’Reform géing gestëmmt ginn, ee bei eelere Wunnengen méi Loyer a bei neie Wunnenge manner Loyer kéint froen. D’LSAP Co-Parteipresidentin Francine Closener sot jo och um Mëttwoch hei op RTL, hir Partei hätt e Problem mat den Amendementer um Gesetzprojet.

De Ministère vum Henri Kox erënnert awer drun, datt d’DP an d’LSAP déi Amendementer schonn am Juli d’lescht Joer kruten, fir an de jeeweilege Parteien ze diskutéieren. "Am Oktober dunn hunn déi dräi Regierungsparteien dës Amendementer am Regierungsrot ugeholl", sou de Logementsministère. Den Henri Kox wier "gäre bereet", d’Amendementer nach emol ze erklären, heescht et weider an et gëtt op déi annoncéiert national Assisë fir de Logement higewisen, wou den 22. Februar e breeden Echange mat all den Acteure iwwert all d’Reformen vun der "nationaler Strategie fir en abordabelt Wunnen" wier.

De Logementsministère fënnt et iwwerdeems ee "Widdersproch", wann ee géing kritiséieren, datt duerch de proposéierte Plaffong d’Loyere vun den eelere Wunnengen ze vill géinge klammen an op där anerer Säit, datt d’Loyere vun den neie Wunnenge net héich genuch wieren.

De Ministère huet déi lescht Méint eng ganz Rei Dokumenter verëffentlecht, fir seng Demarche ze erklären.