An der Koalitioun ass ee sech weider net eens iwwert d'Reform vum Loyersgesetz. D'LSAP wërft dem Logementsminister eng zweedeiteg Kommunikatioun vir.

Keng Walkampfstëmmung an der "Regierungsfamill", dee Wonsch hat de Premierminister Xavier Bettel am Neijoerschinterview op RTL-Télé mat Bléck op d'Superwaljoer 2023 ausgedréckt. Ma dee Wonsch schéngt wuel éischter net an Erfëllung ze goen. Mëttlerweil huet sech eng Zort Pingpongsmatch ëm d'Reform vum Loyersgesetz tëscht deenen dräi Koalitiounsparteien entwéckelt. Dee Projet, deen aktuell um Dësch läit, gouf an de leschte Woche vu ville Säiten deels schaarf kritiséiert. D'Haaptreproche sinn, datt engersäits de Bau vun neie Wunnenge méi onattraktiv géing ginn an anerersäits d'Loyere vun eelere Wunnengen massiv klamme kéinten.

Deen éischten Opschlag am koalitiounsinterne Match koum vum liberale Premier selwer, andeems en am Neijoerschinterview d'Decisiounen an d'Kommunikatioun ronderëm de Projet de loi als "net déi opportuunst" bezeechent huet. Hien hat och duerchblécke gelooss, datt d'Texter héchstwarscheinlech nach eng Kéier iwwerschafft dierfte ginn. Dës Aussoen wollt de grénge Logementsminister Henri Kox op Nofro hin net kommentéieren.

D'LSAP huet "ganz grouss Problemer" mat Amendementer

Datt Ännerungen um Gesetzesprojet  batter néideg sinn, där Meenung ass een op alle Fall bei der LSAP. Dat huet e Mëttwoch d'Co-Parteipresidentin Francine Closener als Invité vun der Redaktioun um Radio ënnerstrach. Deen initialen Text wier am Fong "ganz gutt" gewiescht, ma mat deenen Amendementer, déi méi spéit koumen, hätt d'Parteileedung vun de Sozialiste "ganz grouss Problemer". Virun allem, datt fir al Wunnengen een deels vill méi héije Loyer gefrot kéint ginn, wier net am Interessi vun de Locatairen, dowéinst hätt d'Parteileedung den Optrag ginn, d'Gespréich mam Logementsminister ze sichen.

Déi Aussoen sinn am Logementsministère net wierklech positiv opgeholl ginn. En Donneschdeg huet een op Nofro hin drun erënnert, datt déi vun der LSAP kritiséiert Amendementer de Sozialisten an och der DP schonn am Juli d'lescht Joer presentéiert goufe fir se an de verschiddene Parteien ze diskutéieren. Am Oktober wiere se du vun de Vertrieder vun deenen dräi Koalitiounsparteien am Regierungsrot ugeholl ginn. Et wier och widderspréchlech ze kritiséieren, datt d'Loyere vun deenen ale Wunnenge géingen ze vill klammen a gläichzäiteg monéieren, datt d'Loyere vun neie Wunnengen ze niddreg wieren. Mee den Henri Kox wier awer gäre bereet d'Amendementer nach emol ze erklären. Den 22. Februar soll et op den nationalen Assisë fir de Logement ee breeden Austausch mat den Acteuren aus dem Secteur iwwert all d’Reformen vun der "nationaler Strategie fir en abordabelt Wunnen" kommen.

Ma vläicht well dat de Sozialisten ze laang dauert oder well se bei den Assisen net derbäi sinn, hu si e Freideg de Ball an engem Pressecommuniqué nach eng Kéier opgeholl. De Communiqué ass zwar vum Maxime Miltgen, Presidentin vun de Femmes socialistes, dem Ben Streff, President vun der LSAP-Osten an dem Max Leners, Member vum LSAP-Comité ënnerschriwwen, mee déi ganz Parteileedung steet hannert dem Contenu. Dat huet op alle Fall de Ben Streff op Nofro hi verséchert.

Henri Kox soll LSAP-Ministere bedrunn hunn

Am Schreiwes vun den LSAP-Vertrieder heescht et, datt d'Zoustëmmung vun de sozialistesche Ministeren am Regierungsrot just zustane komm wier, well den Henri Kox si duerch seng zweedeiteg Kommunikatioun bedrunn hätt. Hien hätt nämlech d'Baisse vum Prozentsaz beim Capital investi, vu 5 op 3,5 respektiv 3 Prozent, an d'Vitrinn gestallt a verstoppt, datt de Capital investit nei definéiert soll ginn. Ma well si net nëmme Politique politicienne maache wéilten, liwweren déi dräi Sozialisten an hirem Schreiwes och nach zwee Denkustéiss. Sou weise si dorop hin, datt et zu Lëtzebuerg eng politesch Gewaltentrennung gëtt an d'Gesetzer net vum Regierungsrot mee vun der Chamber gestëmmt ginn. Dowéinst sollten d'Deputéiert, virun allem déi vun der Majoritéit, elo Amendementer proposéieren.

Si ënnersträichen awer och, datt den Text vum Henri Kox duerchaus positiv Punkten enthale géing, beispillsweis d'Limitatioun vun der Garantie locative, de Fait datt d'Commissions d'agence gedeelt solle ginn oder Prezisioune bei der Colocatioun a bei de sougenannte Kaffiszëmmere virgesi sinn. Et missten awer all d'Adaptatiounen, déi de Plaffong vum Loyer betreffen, aus dem Text erausgeholl ginn. Et sollt eng national Kommissioun mat alle betraffenen Acteuren ënnert der Leedung vum Logementsminister an d'Liewe geruff ginn, déi erausfanne soll wat ee gerechte Rendement beim Verloune vun engem Bien immobilier ass. Op där Basis kéint dann een neie Plaffong definéiert ginn. Et misst zudeem absolut Transparenz bei de Besëtzverhältnisser vun alle Concernéierte herrschen.

DP an déi Gréng irritéiert vum LSAP-Virgoen 

Déi zwee Koalitiounspartner reagéieren éischter irritéiert op de Communique vun der LSAP. Den DP-President Lex Delles war zimmlech kuerz ugebonnen a wollt sech zum Contenu net weider äusseren. Et géing een net op der Place publique diskutéieren. Esou ee Communiqué ze verschécke wier op alle Fall net de Stil vun der DP.

Méi gespréicheg war do de Meris Sehovic, Co-President vun deene Gréngen. Hie wier "extrem iwwerrascht" iwwert d'Virgoe vun der LSAP, esou hätt ee bis elo an der Koalitioun net zesummegeschafft. Hien ënnersträicht, datt den Henri Kox deen éischte Logementsminister wier, dee sech un eng Reform vum Loyersgesetz eruntraue an endlech eppes fir d'Rechter vun de Locataire maache géing. De Meris Sehovic verweist dann och nach drop, datt dat aktuellt Gesetz 2006 vun enger CSV-LSAP Koalitioun ugeholl gouf a fënnt, datt et fir näischt ze gebrauche wier. Hie wonnert sech och, datt déi sozialistesch  Inneministesch Taina Bofferding, déi mam Henri Kox zesummen um Gesetzesprojet geschafft huet, keen eenzege Verbesserungsvirschlag proposéiert hätt wann den Text an den A vun der LSAP esou schlecht wier. Déi intern Kommunikatioun bei de Sozialiste géing wuel net optimal funktionéieren. Déi Gréng wieren hirersäits nach net am Walkampf, si wéilte sech op d'Aarbecht konzentréieren, notamment am Logement.

Dem Lex Delles a Meris Sehovic no wëllen déi dräi Parteien zäitno mateneen iwwert d'Thematik schwätzen. Wéini genee an ënnert wéi enger Form dat Treffe stattfanne wäert, schéngt awer nach net ganz kloer ze sinn. Egal wéi schéngt et net ausgeschloss, datt an deenen nächste Wochen a Méint nach esou munch Bäll hin an hier gespillt ginn.

Liest hei den LSAP-Communiqué.