Mat Gefiller ëmgoen a Konflikter maitriséiere kann ee léieren, seet d'Direktesch vum Zenter fir sozio-emotional Entwécklung (CDSE) d’Diane Duhr.

Dowéinst sollt an der Schoul e Fach agefouert ginn, an deem d’Kanner léieren besser mat Impulser ëmzegoen an Ängscht ze geréieren: Häerzensbildung. Aktuell kann den Zentrum fir sozio-emotional Entwécklung geruff ginn, fir an de Klasse vun der Primärschoul an dem Lycée ze intervenéieren, wann e Problem bemierkt gëtt.

Mental Gesondheet - De Reportage vum Monica Camposeo

D’Konzentratiounsfäegkeet wier an de Schoulen e grousst Thema, vill Kanner kéinte sech net méi laang konzentréieren. E speziellt Fach kéint och hëllefen, fir ze léieren, wéi ee sech net vun de ville Reizer ronderëm oflenke léisst. Och den Ëmgang mat Roserei oder Stress kéint vermëttelt ginn. Ma well dat awer net niewebäi geet a reegelméisseg muss «trainéiert» ginn, fuerdert d’Diane Duhr, dat an de Schoulprogramm ze integréieren.

Eng Iddi, déi d’Kanner- a Jugendpsychiaterin Dr. Salima Aarab begréisst. Si gëtt awer ze bedenken, dass dat och fir d’Erwuessener sollt gëllen, si wieren nämlech Virbiller. Eng 1.000 Enseignanten huet den CDSE zejoert och scho forméiert. Den Interessi wier allgemeng do, ma et wier awer ëmmer nach esou, dass d’Schoulpersonal esou eng Formatioun selwer ufroe muss. Dem Diane Duhr no misst méi systematesch gehandelt ginn. Et wier elo un der Zäit, och politesch méi konsequent virzegoen.

Wéi eng Roll spillt Mobbing bei der mentaler Gesondheet?

D'Entspanung, déi sech am Beräich vun der Kanner- a Jugendpsychiatrie erhofft gouf no de Corona-Restriktiounen, ass net komm. Dat seet d'Dr. Salima Aarab am RTL-Interview. A ville Fäll wier Mobbing aktuell an de Consultatiounen en Thema.

Eng Situatioun, déi als Mobbing erlieft gëtt, kann och zu engem spéideren Zäitpunkt als Trauma opkommen. Dowéinst ass dat Thema an de Consultatiounen dacks present, seet d'Dr. Salima Aarab, souwuel wann d'Situatioun aktuell erlieft gëtt, wéi och wann se an der Vergaangenheet zeréck läit.

Eng Studie, déi an der Dagesklinik gemaach gouf, huet erginn, dass iwwer 90 Prozent mat Mobbing a Kontakt komm sinn. D'Psychiaterin aus den Hôpitaux Robert Schuman, d'Dr. Salima Aarab, sot, dass si dat bei hire Patienten dacks géing gesinn.

Gi Kanner a Jonker genuch eescht geholl?

En éischte Schrëtt wier, dass Kanner a Jonker sech eescht geholl fillen. Ma d’Psychiaterin géing an de Consultatiounen awer dacks gesot kréien, dass dat net de Fall wier. Obwuel dat e subjektiivt Gefill ass, dat een net objektiv beleeë kann, ass dat e Problem, wann sech Jonker esou fillen. A ville Fäll hätten Erwuessener och direkt eng Léisung parat a géingen net genuch nolauschteren. Dat geet awer schonn e Schrëtt ze wäit. Well déi Jonk nämlech selwer vill Iddien hunn, fir Problemer unzegoen. An dat sollt encouragéiert ginn.

E Volet, deen och an den Interventiounen vum Zenter fir sozio-emotional Entwécklung eng wichteg Roll spillt. Schonn am Fondamental schafft d’Ekipp vum CDSE mat de Kanner, fir dass si hir Gefiller an hire Kierper kenneléieren. "Wa si Aha-Elierfnisser hunn, da kënne si och Strategien unhuelen, fir hir Impulser ze kontrolléieren", esou d’Diane Duhr.

125 Mol ass den CDSE zejoert wéinst Mobbing a Schoule geruff ginn, meeschtens a Primärschoulen. Woubäi sech dann op der Plaz an zwee Drëttel vun de Fäll erausgestallt hätt, dass et sech net direkt ëm Mobbing gehandelt huet. Ma dat wéilt awer net heeschen, dass et da kee Problem gouf. Och Konflikter an enger Klass musse geléist ginn, oder et kéint sinn, dass e Kand eventuell e spezielle Förderbedarf huet. E schlecht Klima an enger Klass wier dacks eng Gruppendynamik, och näischt maachen oder laachen, wa mat engem anere Kand de Geck gemaach gëtt, kann dës Dynamik verstäerken.

Wéi eng Roll spillt d’Schoulpersonal am Fall vu Konflikter?

D'Schoulpersonal huet do eng wichteg Roll, fënnt d’Diane Duhr. Wann nämlech näischt ënnerholl gëtt, ka sech d’Kand, dat anerer schlecht behandelt, sech an sengem Verhale bestäerkt fillen. D’Psychiaterin Dr. Salima Aarab erënnert och dorun, dass d’Erwuessener fir Kanner a Jonker Virbiller sinn. Wéi si mat Konflikter ëmginn, wier deemno wichteg fir d’Entwécklung vun de méi jonke Generatiounen.

An de Consultatioune bemierkt d’Kanner- a Jugendpsychiaterin, dass verschiddener vun hire Patienten duerch d’Corona-Restriktiounen u Motivatioun verluer hätten. Jonker, déi den Uschloss verluer hunn, well si duerch d’Restriktiounen gebremst goufen, hätten et elo schwéier, zeréck ze fannen.

D'Dr. Salima Aarab wënscht sech doriwwer eraus, dass déi ënnerschiddlech Professioneller an der psychologescher Behandlung vu Kanner a Jonker och ambulant an enger Ekipp méi  kéinten zesummeschaffen. Zum Beispill a Form vun enger Praxis. Dat wier bei der stationärer Offer schonn de Fall, wier ambulant awer och wichteg, fir Kanner a Jonker besser kënnen ze hëllefen.